D'Powerlifterin Ankie Timmers kënnt vun der EM op Malta direkt mat zwou Medailen nees heem a ka sech lo Welt- an Europameeschterin nennen.

E Sonnde konnt sech d'Lëtzebuerger Powerlifterin Ankie Timmers nom Weltmeeschtertitel am Bänkdrécken och nach EM-Gold am Powerlifting sécheren. An der Open-Gewiichtsklass bis 84 kg huet si 192,5 kg fir d'Victoire gedréckt. Dës war awer net déi eenzeg Medaile fir d'Timmers op Malta, si koum an der Gesamtwäertung no den "Good Lift Points" op déi 3. Plaz.

D'lescht Woch stoung d'Meeschterschaft am Classic un, do ass et awer just fir déi 5. Plaz duergaangen. Trotzdeem kann déi 38 Joer al Powerlifterin op een extrem erfollegräicht Joer zréckkucken.

RTL

© pwf.lu