Um Sonndeg waren eis Lëtzebuerger Volleyball- a Basketspiller a Spillerinnen och nees am Ausland am Asaz.

De Gilles Braas an den Thomas Grün konnte Victoirë feieren, d'Magaly Maynadier, d'Anne Simon an den Alex Laurent hu sech misse geschloe ginn.

Volleyball

De Gilles Braas huet um Sonndeg an der 1. däitscher Bundesliga mat senger Equipe SWD Powervolleys Düren 3:1 géint TV Rottenburg gewonnen.

Basket

D'Magaly Meynadier an d'Anne Simon hu mat hirer Equipe, de Saarlouis Royals, um 12. Spilldag mat 61 op 67 géint Helder verluer. Den nächste Rendez-vous fir d'Lëtzebuerger Spillerinnen ass den 28. Januar zu Saarlouis géint d'ChemCats vu Chemnitz.

Den Alex Laurent huet um Sonndeg mat senger Equipe Den Helder mat 56 op 82 géint d'New Heroes Den Bosch verluer. Den Helder steet op der leschter Plaz vum Championnat.

RTL

© Screenshot Livestream Den Helder

Den Thomas Grün huet um Sonndeg mat senger Equipe Gladiators Tréier géint d'Hamburg Towers gespillt. De Lëtzebuerger stoung bei der 72 op 70 Victoire, 17 Minutten um Terrain an huet 2 Punkte markéiert.