No der Finale vum Lëtzebuerger Championnat um Sonndeg huet den Dëschtennis Veräin vun Ettelbréck offiziell gesot, dass si sech zeréckzéien.

Wéinst de Wiessel vum Luka Mladenovic an dem Irfan Cekic huet Ettelbréck decidéiert, sech aus der ieweschter Divisioun zeréckzezéien.

Den Eric Thillen wäert déi nächst Saison och fir en anere Veräin spillen.

Och d'Zukunft vum Dragos Olteanu schéngt nach onkloer. Wéi wäit et no hanne geet fir den neie Vizechampion, ass net gewosst.

Hei déi drëtt Finale am Video:
[widget type="sport/sportstreaming/20170521"]