1990 haten d'Rout Léiwen de Weltmeeschter un d'Ziddere bruecht
Viru 35 Joer hat d'FLF-Selektioun knapp 2:3 am Stade Josy Barthel géint de frëschgebakene Weltmeeschter verluer.
Mir schreiwen d'Joer 1990, fir genau ze sinn den 31. Oktober 1990. Nodeems Däitschland ronn 4 Méint virdrun an Italien de WM-Titel konnt feieren, krut et d'Ekipp vum deemolegen neien Nationaltrainer Berti Vogts an der Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft 1992 a Schweden auswäerts mat Lëtzebuerg ze dinn. Et war dem fréiere Spiller vu Gladbach säin éischten Quali-Match als däitschen Nationaltrainer. Eng Partie, déi och hie warscheinlech net sou séier vergiess huet.
Nodeems déi Däitsch duerch Goler vum Jürgen Klinsmann, dem Uwe Bein an dem Rudi Völler mat 3:0 a Féierung waren, hate sech d'Rout Léiwe ronderëm den deemolegen Nationaltrainer Paul Philipp zeréck an de Match gekämpft. De Jean-Paul Girres an de Roby Langers haten d'Partie duerch hir Goler nach eng Kéier spannend gemaach. De Marc Birsens hat an der Suite nach eng grouss Chance op den Ausgläich um Fouss gehat. De Bodo Illgner am Gol vun deenen Däitsche konnt dëse Schoss awer paréieren. D'Campagne 1990/91 war och déi leschte Kéier, datt béid Ekippen an enger Qualifikatioun géintenee gespillt hunn.
Bilanz schwätzt kloer fir Däitschland
13 Mol hu béid Länner géinteneen gespillt. 12 Partien huet Däitschland gewonnen an 1 Mol Lëtzebuerg. Déi Victoire geet zeréck an d'Joer 1939. Ronn 5 Méint virum Ufank vum Zweete Weltkrich konnt sech d'FLF-Selektioun an engem Frëndschaftsmatch am Stade Thillebierg zu Déifferdeng duerch zwee Goler vum Léon Mart 2:1 behaapten.
Dat lescht Duell ass 19 Joer hir. Kuerz virun der Weltmeeschterschaft 2006 am eegene Land konnt sech d'DFB-Ekipp zu Freiburg am Frëndschaftsmatch 7:0 duerchsetzen. Mat dobäi waren deemools eis RTL-Futtball-Experte Marc Oberweis an Eric Hoffmann.
Bis op verschidden Ausnamen huet d'FLF-Selektioun sech an de leschte Joerzéngten ëmmer däitlech géint eisen däitschen Noper misse geschloe ginn, esou och an engem Frëndschaftsmatch 1998. Viru 27 Joer haten d'Rout Léiwen bei der 0:7-Defaite auswäerts zu Mannheim keng Chance. Deemools stoung ënner anerem den aktuellen Trainer vum Waldhof, de Luc Holtz, um Terrain.
Defensiv Stabilitéit op Lëtzebuerger Säit
Wann ee sech d'Bilanz aus deene leschte Renconteren an den däitschen Kader ukuckt, da kéint een dovun ausgoen, datt eng kloer an däitlech Victoire fir Däitschland misst eraussprangen. Allerdéngs hunn d'Rout Léiwe schonn eng Zäitchen keng héich Defaite méi missen astiechen. Zanter der 0:9-Néierlag am September 2023 zu Faro géint Portugal huet d'FLF-Selektioun an deene leschten 20 Matcher ni méi wéi 3 Goler geschoss krit. Am Juni d'lescht Joer hunn d'Rout Léiwen zwar zweemol 0:3 géint Frankräich an d'Belsch verluer, dat war awer sécherlech och op e puer Absencen zeréck ze féieren.
Am selwechten Zäitraum hunn déi Däitsch a 25 Matcher 13 Partie gewonnen. Donieft goufen et 6 Remisen a 6 Néierlagen. Net fir d'Lescht déi 0:2-Defaite fir den Optakt vun der WM-Quali auswäerts an der Slowakei. Awer och bei der DFB-Ekipp ass aktuell net alles Gold, wat blénkt. De Kader ass zanter der Europameeschterschaft d'lescht Joer am eegene Land am Ëmbroch. Spiller wéi Manuel Neuer, Toni Kroos, Ilkay Gundogan an Thomas Müller sinn aus der Nationalekipp zeréck getrueden. Aktuell feele blesséiert Spiller wéi ënner anerem den Jamal Musiala oder de Kai Havertz. Anerer sinn net grad an der Form wéi déi Jore virdrun.
Trotzdeem bleift Däitschland de klore Favorit an huet eng Victoire e Freideg zu Sinsheim fest ageplangt. Mee eng gutt agestallten Ekipp vum Nationaltrainer Jeff Strasser kann hinnen, genau sou wéi de Géigner bei deene leschte Lännermatcher am September, d'Liewen op engem gudden Dag schwéier maachen. 2017 konnt een och Frankräich een 0:0-Remis ofknäppen. "Hüttchen mit Beinen", wéi den däitschen Expert a fréieren Trainer Peter Neururer déi Lëtzebuerger Nationalekipp genannt huet, sinn d'Rout Léiwen definitiv net.