D'Lëtzebuerger U17-Nationalekipp verléiert no engem haarde Match virun 852 Zuschauer zu Käerjeng mat 0:4 géint d'U17 vun Däitschland.

E Mëttwoch den Owend huet d'U17-Nationalekipp hiren éischte Match an der Qualifikatioun fir d'U17-Europameeschterschaft gespillt. Géint Däitschland sollt et no intensiven 90 Minutten net duergoen an um Enn stoung eng 0:4 Defaite.

An der éischter Hallschent waren et vun Ufank un d'Gäscht aus Däitschland, déi de Match gemaach hunn. No e puer gudde Chancë war et den Ahmad Najdi aus der Jugend vun Dortmund, deen no 28 Minutten den 1:0 fir Däitschland markéiere konnt. Och duerno war Däitschland besser am Match a Lëtzebuerg konnt sech net sou richteg fräispillen. An der 45. Minutt ass dunn nach den zweete Gol fir d'Gäscht gefall. Et war de Kapitän Kennet Eichhorn, deen op 2:0 stelle konnt.

No der Paus ass et änlech weidergaangen. Lëtzebuerg huet probéiert, Däitschland keng Raim ze bidden an dat huet och bis an déi 78. Minutt geklappt. Do huet den Ivan Massek eng schéi Flank an de Strofraum gespillt an de Jannik Veit huet de Match endgülteg entscheet an op 3:0 gestallt. Souguer de 4:0 sollt am Uschloss nach falen. Erëm war et de Kennet Eichhorn, deen de Ball dës Kéier mat Hëllef vum Potto an de Gol gesat huet.

Fir d'Lëtzebuerger U17 ass dono och net méi vill zesummegelaf an Däitschland huet et méi roueg ugoe gelooss, trotzdeem awer nach eng Kéier de Potto getraff.

Als nächste Géigner an der Qualifikatioun fir d'U17-Europameeschterschaft steet da Polen en Dënschdeg um Programm.