En Donneschdeg start an der Coque déi 4. Editioun vun de Ladies Tennis Masters
Fir déi véierte Kéier riicht d'IWTP hir Zelter fir véier Deeg an der Coque op. Eng grouss Organisatioun fir en eenzegaartegen Tournoi.
D'Organisateuren hunn hiren Knowhow vum WTA-Tournoi op der Kockelscheier mat op de Kierchbierg bruecht, mee och hir exzellent Kontakter, Frëndschafte mat Spillerinnen a schéin Erënnerungen.
"Ënnert eisem Team, ënnert de Benevollen, ënnert de Leit alleguer, esouguer déi Invitéen, déi kommen, Patricia Kelly, Lambi, Spillerinnen, egal wéi, eise Kommitee do ass einfach eng familiär Atmosphär, kennt een deen aneren, jidderee weess och wat e soll maachen, et ass en immens agespillten Team hei an der Coque, dat ass mega fir och mat deene Leit ze schaffen, do weess jidderee wat e soll maachen", zielt eis déi fir den Tournoi zoustänneg Directrice Dan Maas.
Vun den aacht Spillerinnen, déi den Titel ënnert sech wäerten ausmaachen, war keng an hirer Karriär méi schlecht klasséiert wéi d'Nummer 16 op der Welt. Véier ënnert hinne ware souguer an den Top 5 an nieft dem Kim Clijsters, schléit dann och mam Angelique Kerber fir d'éischte Kéier eng weider Nummer 1 zu Lëtzebuerg op.
"Ech kann awer elo guer net soen, wéi gutt dass d'Angelique Kerber a Form ass, well dat huet dann elo hei säin Trainingsterrain scho gebucht, et kënnt mat e puer, mat sengem Coach, mat sengem Physio, bréngt seng Famill mat, d'Motivatioun beim Angelique Kerber ass ganz grouss, dat mécht esou e Mini-Comeback hei, no der Gebuert vu sengem zweete Kand an ech kann dat elo eigentlech net aschätzen, well ech dat och elo wierklech net gesinn hu spillen", sou nach d'Dan Maas.
D'Véierelsfinalle fänken en Donneschden an e Freiden um 18 Auer un. D'Partien heesche Cornet-Clijsters, Medina-Garrigues-Kontaveit, Kerber-Flipkens a Bouchrda Strycova.
Et ginn nach Ticketen an der Dageskeess, mee d'Matcher an natierlech och d'Finall e Sonndeg ginn op RTL live iwwerdroen.