Déi däitsch Futtballnationalekipp - Tëscht Uspréch a Realitéit

© FEDERICO GAMBARINI / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
E Freideg spillt d'FLF-Formatioun an der WM-Quali zu Sinsheim géint Däitschland. D'DFB-Ekipp steet no nëmmen enger Victoire aus zwee Matcher ënner Drock.
Zanter September 2023 ass den 38 Joer ale Julian Nagelsmann den däitschen Nationaltrainer. De fréieren Trainer vun RB Leipzig a Bayern München stoung hei bis dato 25 Matcher un der Säitelinn. An deene ronn zwee Joer goufen et 13 Victoiren, 6 Remisen a 6 Defaiten. Op der Europameeschterschaft am eegene Land d'lescht Joer gouf Däitschland an der Véierelsfinall vu Spuenien eliminéiert. Virun allem déi Zäit ëm d'Enn 2023 an eben och elo aktuell stëmmen d'Resultater an d'Prestatiounen net méi sou richteg.
Virun der EM 2024 an och elo nees ginn et ëmmer rëm Diskussiounen a Kritik. Nodeems de Manuel Neuer, den Toni Kroos, den Ilkay Gündogan an den Thomas Müller hire Récktrëtt aus der Nationalekipp bekannt ginn hunn, feelt et der DFB-Ekipp a sou munche Matcher un defensiver Stabilitéit. Dëst konnt een och an deenen éischten zwou Partië géint d'Slowakei an Nordirland gesinn. D'Blessur vum Marc-André ter Stegen als designéierte Successeur vum Manuel Neuer huet sécherlech net gehollef. Den 33 Joer ale Golkipp ass zwar sou lues awer sécher nees fit, ass awer beim FC Barcelona zur Nummer 2 degradéiert ginn. Den Oliver Baumann war an der Vergaangenheet säi Remplaçant. Nach ass allerdéngs net ganz kloer, ob de Golkipp vun der TSG Hoffenheim e Freideg spillt. Alternative wieren den Alexander Nübel, de Finn Dahmen oder den Noah Atubolu, dee fir déi béid Lännermatcher nonominéiert gouf.
Kappzerbrieches mécht dem Julian Nagelsmann aktuell och e bëssen d'Offensiv. Blesséiert falen ënner anerem de Jamal Musiala an de Kai Havertz weiderhin aus. Och den Nick Woltemade vun Newcastle United war krankheetsbedéngt ugeschloen. Wéi däitsch Medie mellen, kéint de Stiermer awer fir e Freideg disponibel sinn. Am anere Fall stéingen de Maximilian Beier, de Jonathan Burkhardt oder den nonominéierte Kevin Schade an de Startlächer.
"Wir wollen 2026 Weltmeister werden"
Genau dëst Zil huet de Julian Nagelsmann no der Eliminatioun op der EM d'lescht Joer ausgeruff. Et wier vermoossen ze behaapten, datt dëst fir esou eng grouss Futtball-Natioun wéi Däitschland net méiglech oder dee falschen Usproch wier. Aktuell gesäit d'Realitéit awer anescht aus. Am Grupp A vun der WM-Qualifikatioun steet d'DFB-Ekipp mat 3 Punkten op der 3. Plaz an der Tabell, krut well 3 Goler geschoss an huet déi selwecht Unzuel u Goler markéiert. An der FIFA-Weltranglëscht sinn déi Däitsch op Plaz 12 zeréckgefall a goufe vu Marokko iwwerholl.
Net falsch verstoen - Däitschland huet nach ëmmer ee staarke Kader a kann u sech géint all Natioun gewannen. Si bleiwen och e Freideg de grousse Favorit. Allerdéngs leeft och bei hinnen net alles perfekt. Esou gesäit och den Invité vun dëser Woch am Podcast "Drëtt Hallschent - De Sport-Talk", de Reinhold Breu, déi däitsch Situatioun.
"Et wäert sauer ginn. D'Rout Léiwe wäerte leiden. Ech mengen awer, datt si déi eng oder aner Méiglechkeet wäerte kréien, fir deenen Däitsche wéi ze dinn. Wat Däitschland all déi Jore gutt konnt, kënne si jo mëttlerweil net méi. Däitschland wäert ëmmer rëm eng Kéier net sou konsequent agéieren, wéi si dat villäicht virun engem Joerzéngt gemaach hunn."
"Der Fussballzwerg Luxemburg"
Ëmmer rëm gëtt déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp an den däitsche Medien als "Fussballzwerg" bezeechent. E weidere Begrëff war zum Beispill "Hütchen mit Beinen" vum däitschen Expert a fréieren Trainer Peter Neururer. An deem duerchaus bekannte Podcast "Stammplatz" goufen déi nächst zwee Matcher vun der däitscher Nationalekipp esou beschriwwen:
"Sportlich müssen wir auch mal ganz, ganz ehrlich sein, kann man sich auch keine Sorgen machen müssen. Wir spielen ja gegen Nordirland und Luxemburg. Das ist ja nicht einmal die Slowakei. Bei allem Respekt, das sind Gegner, die soweit weg von unserem unterdurchschnittlichen Leistungsniveau sind, dass wir auch mit der U21 dahin fahren könnten und easy gewinnen könnten."
D'Betounung läit warscheinlech op normalerweis. U sech misst och genau dat bei deem däitsche Potential an der Kapazitéit u Spiller de Fall sinn. D'Vergaangenheet huet awer och well aneres bewisen. Schonn eleng ee Punkt wier fir déi Lëtzebuerger Nationalekipp eng absolut Sensatioun. Eng batter Defaite ass dogéint och ganz gutt méiglech. Eng gutt kämpferesch a spilleresch agestallte Lëtzebuerger Nationalekipp kann awer deemno wéi dofir suergen, datt d'DFB-Ekipp, wéi 1990, e bëssen ziddere muss.