Éierung fir d'Spillerinnen um Gala-Diner
Virum Tournoi ass traditionell de Gala-Diner mat ville bekannte Gäscht. De Grand-Duc Henri krut dobäi e besonneschen Award iwwerreecht.
Et war ëmmer de grousse Rendez-vous op der Kockelscheier – den traditionelle WTA-Tennistournoi. 2021 hate sech d’Organisateuren dunn eppes Neits afale gelooss: fréier professionell Tennisspillerinne ginn zanterhier invitéiert a spillen da wéi op engem richtegen Tournoi géinteneen. Um Enn ginn et 50.000 Euro ze gewannen.
E Mëttwoch Owend gouf am Tramsschapp zu Hollerech den Optakt gefeiert. Beim Gala-Diner hunn d’Spillerinnen a vill Prominenz nach eemol zesumme geprost, ier et mat de Luxembourg Ladies Tennis Masters richteg lassgeet. E Sonndeg um 15.30 Auer ass d’Finall an alleguerten d’Matcher kënnt Dir bei eis op RTL Zwee live kucken. Aacht Spillerinne sinn um Tournoi invitéiert, véier fréier Top-10-Spillerinnen a véier aus dem Top-50-Ranking stinn um Terrain. Dorënner déi fréier Nummer 1 Angelique Kerber, Kim Clijsters, Eugenie Bouchard oder Alizé Cornet.
Nieft ville bekannte Gesiichter aus der Tenniswelt war och de Grand-Duc Henri dobäi – e passionéierten Tennis-Fan zanter Joren. Ee vun den emotionalen Highlighte vum Owend war d’Éierung vum Groussherzog. Zanter 1991 ass hien, oder ee Member vu senger Famill, bal all Joer beim Turnéier op der Kockelscheier, oder elo beim neie Format an der Coque, dobäi gewiescht. D’Organisateure vum Tournoi wollten him Merci soe fir seng Ënnerstëtzung an de leschte Joren, dofir ass de Präis, dee jo soss un Tennisspillerinne geet, dem fréiere Staatschef dediéiert gewiescht.
De "Jana Novotna Award", benannt no der éischter Gewënnerin vum WTA-Turnéier op der Kockelscheier am 1991, gëtt all Joer un eng Persoun verginn, déi dem Event besonnesch no steet. D’Jana Novotna huet 2017 de Kampf géint de Kriibs verluer, bleift dem lëtzebuergeschen Tennis awer fir ëmmer an Erënnerung. Fir dës Geleeënheet hunn déi fréier Tennisprofien Anne Kremer a Mandy Minella eng emotional Laudatio op de Grand-Duc Henri gehalen. Si hu virun allem betount, datt de Groussherzog ëmmer un de Sportlerinnen hirer Säit stoung an hinne ganz dacks Courage zougeschwat huet. D’Anne Kremer sot: “Ech entschëllege mech och fir déi vill laang Stonnen, déi Dir hutt missten op der Kockelscheier sëtze bleiwen, wann d’Mätscher mol puer Stonne gedauert hunn.”
Moderéiert gouf den Owend vum Joachim Llambi, deen een duerch säi strenge Bléck bei der däitscher Emissioun "Let’s Dance" kennt. Mä och d’Musekfans koumen op hir Käschten: den Giovanni Zarrella huet gesongen an d’Leit zum Danze bruecht. Am RTL-Interview huet hien och annoncéiert, datt en 2027 e Concert zu Lëtzebuerg geplangt huet.