Angelique Kerber: Dat Wichtegst ass Spaass hunn a mech net ze blesséieren

© Roland Miny / pressphoto
En Donneschdeg fänkt déi véiert Editioun vun de Luxembourg Ladies Tennis Masters an der Coque un. E Freideg ass dann och d'Angelique Kerber gefuerdert.
Mam Angelique Kerber ass et den Organisateure vun de Luxembourg Ladies Tennis Masters ronderëm d'Directrice Dan Maas gelongen, eng weider fréier Nummer 1 op Lëtzebuerg ze lackelen.
D'Angelique Kerber ass am Juni fir déi zweete Kéier Mamm ginn an huet sech sou gutt et geet op dësen Tournoi preparéiert. Déi dräifach Grand-Slam-Gewënnerin sot am RTL-Interview mam Jeff Kettenmeyer, datt si virun allem gespaant ass, wou si a punkto Ausdauer dru wier. Am Wichtegste wier hir awer, datt si Spaass hätt a virun allem och ouni Blessur bleiwe géing.
En Donneschdeg de Moien huet d'Angelique Kerber dovu profitéiert, fir en Tour duerch d'Stad Lëtzebuerg ze maachen. An déi huet hie gutt gefall.
"Es ist eine wunderschön Stadt. Muss ich wirklich sagen. Tolle Mensche hier, also ich bin immer wieder beeindruckt von der Stadt."
Et ass net déi éischte Kéier, datt si am Grand-Duché op Besuch ass. Schonn a jonke Jore war si op Tournoien hei am Land an och beim WTA-Tournoi op der Kockelscheier huet si opgeschloen.
Den Damme-Masters huet an Tëschenzäit eng fest Plaz am Lëtzebuerger Sportkalenner. Fir déi fréier Weltklass-Tennisspillerin ass et grousse Verdéngscht, fir iwwerhaapt esou en Tournoi op d'Been ze stellen.
De ganzen Interview mam Angelique Kerber ass vun e Méindeg un am RTL-Sport-Podcast "Drëtt Hallschent" ze fannen.
D'Luxembourg Ladies Tennis Masters kënnt Dir déi nächst Deeg iwwer op RTL.lu an op der Tëlee kucken. Tickete kritt een nach an der Dageskeess.

Weider Andréck vun de Luxembourg Ladies Tennis Masters 2026
All d'Fotogalerië fannt Dir hei.
De Programm vum Tournoi
Donneschdeg, 9. Oktober vu 17.55 Auer un - Programm vum RTL ZWEE
Luxembourg Ladies Tennis Masters: Véierelsfinallen
Cornet, Alizé (FRA) vs. Clijsters, Kim (BEL)
Medina Garrigues, Anabel (ESP) vs. Kontaveit, Anett (EST)
Tëscht de Partien ass eng Paus.
Kommentar vum Tom Hoffmann a Gilles Muller
Freideg, 10. Oktober – vun 17.55 bis 20.15 Auer Programm vum RTL ZWEE, dono online op RTL.lu an um RTL Play
Luxembourg Ladies Tennis Masters: Véierelsfinallen
Kerber, Angelique (GER) vs. Flipkens, Kirsten (BEL)
Bouchard, Eugenie (CAN) vs. Strycova, Barbora (CZE)
Tëscht de Matcher ass eng Paus.
Vun 20.15 Auer u weise mir d'Turnéier am Livestream op RTL.lu an RTL Play.
Kommentar vum Tim Hensgen a Gilles Kremer
Samschdeg, 11. Oktober vu 15.55 Auer un - Programm vum RTL ZWEE
Luxembourg Ladies Tennis Masters: Halleffinallen
Kommentar vum Tim Hensgen a Gilles Kremer
Sonndeg, 12. Oktober vu 15.25 Auer un - Programm vum RTL ZWEE
Luxembourg Ladies Tennis Masters: Finall
Kommentar vum Tim Hensgen a Gilles Muller