Um Samschdeg war zu Diddeleng d'Ausscheedungsronn vum nationale Kriterium am Dëschtennis.

Esou wuel bei den Dammen ewéi och bei den Häre waren zwee Spiller, respektiv zwou Spillerinnen direkt fir d'Endronn um Sonndeg qualifizéiert. Bei den Häre waren dat den Titelverdeedeger Eric Glod an de Gewënner aus dem Joer 2015, dee fir de blesséierte Gilles Michely nogerutscht ass. Bei den Damme waren déi zwou Spillerinne vum DT Rued, d'Titelverdeedegerin Danielle Konsbruck an d'Tessy Gonderinger direkt qualifizéiert fir d'Finalronn um Sonndeg.

Bei den Hären huet awer net nëmmen de Gilles Michely gefeelt. Och net dobäi waren ënnert anerem de Christian Kill, dee gespaart ass an den Traian Ciociu. Bei den Damme feelt d'Sarah de Nutte, dat um Sonndeg mat sengem Veräin Bad Driburg an der Bundesliga untriede muss. 6-fach Gewënnerin, Egle Tamasauskaite war iwwerdeems och net dobäi.

Um Samschdeg gouf du bei den Hären a 6 Gruppe mat all Kéiers 4 Spiller gespillt. Hei qualifizéiert sech ëmmer den Éischten aus all Grupp fir d'Finalronn. Bei den Damme waren et 3 Gruppe mat och all Kéiers 4 Spillerinnen. Aus dësen 3 Gruppe kommen déi éischt zwee weider an d'Finalronn um Sonndeg.

Hären

Bei den Häre gouf et am Grupp A eng déck Iwwerraschung. Den Alberto Moro vu Lëntgen konnt sech géint de Landesmeeschter Luka Mladenovic duerchsetzen a sech esou als Éischte qualifizéieren. Hie wënnt seng Grupp virum Luka Mladenovic, dem Luc Michely an dem Loic Piquard.

Am Grupp B sollt d'Entscheedung an der leschter Partie falen. Hei hat den Olivier Joannes vun Hueschtert/Foulscht et mam Joao Aguiar ze dinn. De Joannes konnt d'Partie mat 3:0 fir sech entscheeden a schléisst esou als Gruppenéischten of. Op d'Plazen 3 a 4 kommen den Aurélien Saphy an de Jonas Andrzejewski.

De Grupp C war ee Stéck méi enk, op alle Fall wat déi éischt Plaz ugeet. Um Enn séchert sech dës de Mirko Habel knapps virum Laurent Boden vun Iechternach. An engem Krimi iwwer 5 Sätz konnt hien de Boden bezwéngen. De Vincent Kempfer kënnt op déi drëtt Plaz an den Noah Stephany op déi véiert Plaz.

De Marc Dielissen konnt sech ouni Problemer am Grupp D duerchsetzen. Den Yves Tonon kënnt iwwerraschend virum Eric Thillen op déi zweete Plaz. Déi 4. Plaz ass fir de Pit Wegener.

Keng gréisser Problemer hat de Wang Xu vum Houwald. Just an der leschter Partie war et méi enk ginn, hei huet hien a 5 Sätz knapps mat 3:2 géint de Mike Kraus gewonnen. Hie séchert sech domat och d'Victoire am Grupp E virum Jean-Marc Dijou, Mike Kraus a Winkel Kevin.

Déi lescht Grupp war nees méi spannend. Hei ass d'Entscheedung och eréischt an der leschter Partie gefall. De Kevin Kubica stoung dem Eric Gonderinger géigeniwwer. De Kubica konnt sech behaapten a sech esou qualifizéieren. D'Plazen 3 a 4 ware fir de Camille Putz an de Christophe Glod.

Domat kämpfen den Alberto Moro, den Olivier Joannes, de Mirko Habel, de Marc Dielissen, de Wang Xu, de Kevin Kubica, den Eric Glod an den Irfan Cekic um Sonndeg ëm den Titel.

Dammen

Bei den Damme gouf et am Grupp A ee staarken Optrëtt vum Sarah Meyer. D'Spillerin vum DT Houwlad konnt seng 3 Partië gewannen a kënnt domat op Plaz 1. D'Shari Schaus konnt sech déi zweet Plaz sécheren an ass domat och qualifizéiert. Eliminéiert goufen d'Andreea Maciuca an d'Michelle Modert.

Am Grupp B méi eng grouss Iwwerraschung. D'Lena Grein, d'Finalistin vum leschte Joer ass an der Grupp net ënner déi éischt zwou Plaze komm an ass domat eliminéiert ginn. D'Carole Hartmann konnt sech déi éischt Plaz sécheren. Op déi zweet Plaz kënnt ganz iwwerraschend d'Ariel Barbosa.

Ganz spannend war et och am drëtten a leschte Grupp. Hei haten nämlech direkt dräi Spillerinnen 1 Match gewonnen an zwee verluer. D'Roberta Dragonu konnt sech kloer mat 3 Victoiren als Éischt qualifizéieren. Ëm déi zweet Plaz war et awer méi spannend. Um Enn huet d'Martine Simon d'Renne gemaach, dat well d'Spillerin vum DT Wëntger zwee Sätz méi gewonnen hat ewéi d'Caroline Maas an d'Jennifer Boes.

Bei den Damme spillen domat um Sonndeg d'Sarah Meyer, d'Shari Schaus, d'Carole Hartmann, d'Ariel Barbosa, d'Martine Simon, d'Roberta Dragonu, d'Tessy Gonderinger an d'Danielle Konsbruck ëm den Titel.

RTL

© Yannick Zuidberg