"Mir hu Respekt, mee keng Angscht"
D'FLF-Selektioun huet hir éischt zwee Matcher verluer, mee och Däitschland huet net no Plang ugefaangen an ass richteg ënner Drock.
D’FLF-Selektioun huet wuel géint Nordirland an d’Slowakei de Kierzere gezunn, mee géint de slowakeschen Tabelleleader vum Grupp A war d'Defaite méi wéi onglécklech. De Leandro Barreiro kennt de Géigner vun e Freideg duerch seng Zäit beim 1. FSV Mainz 05 gutt. De 25 Joer jonke Mëttelfeldspiller, deen de Moment manner Spillzäit huet, beim neien Trainer vu Benfica Lissabon, dem José Mourinho, gesäit déi éischt Matcher virun allem elo mat Recul als net esou negativ.
Leandro Barreiro: "Mir schwätzen all Dag mateneen a mir wëssen, datt dat natierlech Resultater waren, déi eis net gefall hunn. Mee op där anerer Säit ware vill positiv Saachen dobäi, op déi mir opbaue kënnen."
Géint eisen Noper Däitschland ze spillen, ass fir all Lëtzebuerger Internationalen eppes Spezielles. D’Ekipp vum Julian Nagelsmann huet ganz grousst Potential, ass de Moment allerdéngs just op der 12. Plaz an der FIFA-Weltranglëscht an hat am éischte Match vun der WM-Qualifikatioun an der Slowakei 0:2 verluer. De 4-fache Weltmeeschter huet sech géint Nordirland erholl, fir 3:1 ze gewannen. D’DFB-Ekipp ass schéin ënner Drock. Obwuel et fir jiddereen evident ass, datt Däitschland als Favorit an dës Partie geet, fiert ee mat breeder Broscht op Sinsheim.
Mathias Olesen: "Däitschland ass eng ganz, ganz gutt Ekipp. Och villäicht de Favorit an eisem Grupp. Si hu richteg gutt individuell Spiller. Et gëtt e ganz schwéiere Match. Mir hu Respekt, mee keng Angscht. Mir ginn an dee Match fir ze gewannen."
Anthony Moris: "Ech kenne keen Nationalspiller, dee mengt, de Match wier well am viraus verluer. Mir ginn dohin, fir alles fir d'Land ze ginn a jiddereen houfreg ze maachen."
Den nach relativ neien Nationaltrainer Jeff Strasser weess, datt hien op e qualitativ gudde Grupp kann zielen, dee quasi komplett ass. Den Danel Sinani feelt giel gespaart. Den FLF-Coach huet nach just e puer Deeg Zäit, fir dat beschtméiglecht Rezept ze fannen.
Jeff Strasser:"Wichteg ass, datt si déi néideg Tugenden op den Terrain bréngen, wat si jo och déi lescht zwee Matcher gemaach hunn. An engem Match ass et ëmmer, wat méchs de ouni Ball. Mee et ass och wichteg, wat maache mir mat Ball. Deementspriechend wäerte mir déi zwou Phasen a véier Phase vum Spill gutt preparéieren."
Zu Sinsheim kënnen d’Lëtzebuerger op d’Ënnerstëtzung vun ronn 2.400 Supporter zielen. All d'Ticketen, déi de Supporter vun de Roude Léiwen zur Verfügung stoungen, goufe verkaf. Et ass awer domadder ze rechnen, datt deemno wéi nach méi Lëtzebuerger am Stadion wäerte sinn.
Déi béid Partië vun de Roude Léiwen an der WM-Qualifikatioun kënnt Dir bei eis um RTL Zwee, um RTL Play an um Radio live suivéieren.