E Sonndeg war ë.a. d'Magaly Meynadier an der Basketball-Bundesliga gefuerdert.

An der éischter däitscher Basketball-Bundesliga verléiert d'Magaly Meynadier mat de Saarlouis Royals 63:92 géint TSV 1880 Wasserburg.

Den Alex Laurent kann an der éischter hollännescher Basketball-Liga och am aachte Match keng Victoire afueren. Mat den Helder zitt hien knapps mat 73:76 géint Rotterdam de kierzeren.

Wiesbaden mam Annalena Mach zitt mat 1:3 (9:25, 15:25, 25:19 an 17:25) géint Stuttgart de Kierzeren. Wiesbaden steet an der däitscher Volleyball-Bundesliga op der 6. Plaz.

Kee gudden Owend och fir d'Gladiators Tréier mam Thomas Grün. An der 2. däitscher Basketball-Bundesliga verléiere si auswäerts 76:84 géint Ehingen-Urspring. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet 7 Punkte markéiert.

Am belsche Volleyballchampionnat huet Maaseik mam Kamil Rychlicki dogéint mat 3-1 géint Leuven gewonnen. De Lëtzebuerger war dobäi mat 16 Punkten den zweetbeschte Marqueur um Terrain.