En Dënschdeg hunn d'Hungarian Open am Dëschtennis ugefaangen. Aus Lëtzebuerger Siicht war d'Sarah de Nutte mat vun der Partie.

Den Tournoi, deen zu Budapest gespillt gëtt, gehéiert zu der World Tour. D'Sarah de Nutte, dat aktuell op der Plaz 64 an der Weltranglëscht steet, krut et en Dënschdeg mam Leonie Hartbrich ze dinn. D'Ungarin läit an der Weltranglëscht op der 473. Plaz an ass domadder ganzer 409 Plaze méi schlecht klasséiert ewéi d'Lëtzebuergerin.

Ma d'Sarah de Nutte huet sech schwéier gedoen géint d'Hartbrich. Am éischte Saz konnt déi 5-fach Landesmeeschterin sech eng séier Avance erausspillen, ma si konnt dëse Virsprong net halen an huet de Saz mat 9:11 missen ofginn.

Déi zwee uschléissend Sätz huet d'Sarah de Nutte dunn awer méi aggressiv an offensiv orientéiert gespillt a konnt esou de Saz mat 11:7 an de Saz 3 mat 11:8 fir sech entscheeden.

Ma no dësem Saz ass d'Konstanz nees verluer gaangen an domadder koumen och d'Problemer, esou dass d'Spillerin vu Bad Driburg de 4. Saz ofginn huet.

RTL

© Screenshot itTV

Am 5. Saz louch si du mat 0:4 zeréck, huet dunn awer mat e puer flotte Bäll nees an d'Spur fonnt a konnt op 9:5 stellen, ma do konnt d'Hartbrich nees op 8:9 verkierzen. Als Konsequenz huet d'Lëtzebuergerin een Time-out geholl. Dëse sollt och seng Friichten droen, well d'de Nutte konnt de Saz gewannen, fir mat 3:2 an de Sätz a Féierung ze goen.

Am 6. Saz huet d'Lëtzebuerger Sportlerin dunn d'Entscheedung gesicht a si konnt direkt hiren éischte Matchball notzen, fir dës Partie mat 4:2 ze gewannen.

RTL

© Screenshot itTV

E Mëttwoch vun 10.00 Auer u spillt d'Sarah de Nutte dann am zweete Gruppematch géint d'Hollännerin Kim Vermaas, dat op Plaz 212 an der Weltranglëscht steet. Mat enger Victoire kéint d'Lëtzebuergerin sech déi éischt Plaz an der Gruppephas sécheren.