Lëtzebuerger Handballfederatioun a Kontakt mam Didier Dinart

© AFP (Archiv)
En éischten Austausch vun Iddien hätt et dem Rapport vun der Lëtzebuerger Handballfederatioun no scho ginn.
Et ass en interessante Punkt am leschte Rapport vum Verwaltungsrot vun der Lëtzebuerger Handballfederatioun. An deem Rapport ass beim Punkt 4 ze liesen, datt de President vun der FLH, den Dokter Romain Schockmel, en éischte Kontakt mam fréiere franséischen Handballnationalspiller an Nationaltrainer opgeholl huet.
Wärend dëser éischter Videokonferenz gouf d'FLH presentéiert an et gouf en éischten Austausch vun Iddie gemaach. Dat gemeinsaamt Zil ass et, d'Prozesser bannent der Lëtzebuerger Handballfederatioun an um sportlechen Niveau ze verbesseren, heescht et weider an deem Rapport.
Den Didier Dinart war souwuel als Spiller wéi och als Trainer Weltmeeschter mat der Equipe Tricolore. Den 1 Meter 97 grousse fréiere Kreesleefer gëllt als ee vun de beschte Verdeedeger vun allen Zäiten. Den Dinart, deen 379 mol fir déi franséisch Nationalekipp gespillt huet, huet nieft de sëllegen Titelen op Welt- an Europameeschterschaften, och d‘Goldmedail op den Olympesche Spiller zu Peking an zu London gewonnen.
2017 gouf de fréiere Spiller vun ënnert anerem dem Paris Saint Germain vun der internationaler Handballfederatioun als Trainer vum Joer gewielt. Dat Joer konnt hien als Trainer zesumme mam Guillaume Gille d‘WM-Kroun am eegene Land opdoen.
Zanter Oktober zejoert ass den Didier Dinart Hären-Nationaltrainer a Montenegro. Ob an a wéi enger Form den Dinart an Zukunft eng Roll an der FLH spille kéint, gëtt net preziséiert.
De komplette Rapport vun der FLH an de Punkt 4 kënnt dir hei noliesen.