E Samschdeg de Moien an der Coque waren déi lescht Matcher an der Gruppephas bei de World Junior Circuit Finals am Dëschtennis.

Den Ademir Balaban huet sech e Samschdeg ganz gutt aus der Affär gezu géint de Cristian Pletea, ma no 7 Sätz stoung et 4:3 fir de Rumän, well um aner Dësch den Inder Shah géint den Abusev gewonnen huet, verpasst de Lëtzebuerger ganz knapps d'Véierelsfinallen a muss also an der Trouschtronn spillen. Am 1. Tour vun der Trouschtronn war dunn awer Schluss fir de Lëtzebuerger, hien huet sech dem Francisco Sanchi misse geschloe ginn.

Nodeems d'Sarah Meyer e Freideg schonns déi éischt zwou Partien an der Gruppephas verluer hat, huet d'Spillerin vum Houwald sech och e Samschdeg de Moien an der leschter Partie vun der Gruppephas misse geschloe ginn. Domat muss d'Lëtzebuergerin de Wee an d'Trouschtronn untrieden. Och fir d'Sarah Meyer war am 1. Tour vun der Trouschtronn Schluss.

An den Halleffinalle vun de Jonge stinn: Kanak Jha, Denis Ivonin, Manav Thakkar a Youssef Abdel-Aziz. Bei den Damme stinn d'Maki Shiomi, d'Adina Diaconu, d'Pi-Ling Su an d'Miyu Nagasaki an der Ronn vun de leschte 4.

Gruppephas:

Grupp A Jongen:

Am Grupp A war et iwwerraschenderweis eng ganz enk Saach ëm déi éischte Plaz, well hei waren et dräi Spiller, déi ënnert dem Stréch zwou Victoiren an eng Néierlag stoen haten. Et ass also op d'Sätz komm, esou konnt de favoriséierten Amerikaner Kanak Jha déi éischt Plaz behaapten. Op déi zweete Plaz kënnt iwwerraschend de Youssef Abdel-Aziz aus Egypten, dat virum Fransous Bastien Rembert, deen ëm ee Saz déi zweet Plaz verpasst. An der leschter Partie louch de Fransous schonns 3:0 vir géint den Egypter, ma den Abdel-Aziz konnt nach zwee Sätz gewannen an déi zwee Sätz hunn hien op déi zwee Plaz bruecht. Op déi leschte Plaz kënnt den Australier Rohan Dhooria, dee keng Partie gewanne konnt.

Grupp B Jongen:

De Lëtzebuerger Ademir Balaban war Deel vun dësem zweete Grupp. A senger éischter Partie e Freideg konnt hie sech iwwerraschend 4:0 géint den Artur Abusev aus Russland behaapten. An der zweeter Partie huet hie sech allerdéngs mat 2:4 dem Inder Manush Shah geschloe ginn. E Samschdeg de Moien hat hien et mam Cristian Pletea aus Rumänien ze dinn, d'Nummer 14 op der Welt. Hei konnt hie sech iwwerraschend déi éischt zwee Sätz sécheren, dat well de Rumän sech ganz schwéier gedoen huet mam Spillstil vum Lëtzebuerger. Ma dono hat de Rumän den Trick eraus a konnt dräi Sätz um Stéck gewannen, ma nach huet de Spiller vum Houwald sech net opginn a konnt op 3:3 an de Sätz ausgläichen. Am 7. an decisive Saz war de Pletea awer ze konstant, huet kaum Feeler gemaach a konnt sech esou d'Victoire am Match an déi éischt Plaz am Grupp B sécheren. Op déi zweete Plaz kënnt den Inder Manush Shah, déi drëtt Plaz ass fir de Lëtzebuerger Ademir Balaban an den Artur Abusev aus Russland kënnt iwwerraschend op déi leschte Plaz.

Grupp C Jongen:

De Manav Vikash Thakkar konnt sech op déi éischt Plaz spillen. Den Inder verléiert zwar 6 Sätz an deenen dräi Partien, ka se awer alleguerte wannen. Op déi zweete Plaz kënnt de Yi-Hsin Feng, dat virum Éisträicher Maciej Kolodziejczyk. Déi lescht Plaz ass fir de Yanapong Panagitgun aus Thailand.

Grupp D Jongen:

De Grupp D war méi spannend, dat well de favoriséierte Rares Sipos net nëmmen an enger Partie Problemer hat. Schonns e Freideg huet hie sech dem Russ Denis Ivonin mat 1:4 misse geschloe ginn. De Russ huet an der Gruppephas kee Match verluer an huet sech esou déi éischte Plaz geséchert. De Sipos konnt sech dunn awer in extremis d'Victoire géint de Sharon Alguetti sécheren a kënnt esou virum Alguetti op déi zweet Plaz. Déi lescht Plaz geet un de Vertrieder aus Südamerika, den Argentinier Francisco Sanchi.

RTL

© Claude Siebenaler/FLTT

Grupp A Meedercher:

Am Grupp A konnt sech d'Maki Shiomi aus Japan déi éischte Plaz sécheren. D'Japanerin huet hir dräi Matcher an der Gruppephas gewonnen, just géint d'Inderin Archana Kamath hat si Problemer, wou si just mat 4:3 gewonnen huet. D'Amy Wang aus den USA koum huet sech duerch d'Victoire am leschte Match géint d'Kamath iwwerraschend fir d'Véierelsfinall qualifizéiert. D'Sarah Meyer kënnt an dësem schwéiere Grupp just op déi 4. Plaz an domat geet et fir d'Lëtzebuergerin just an d'Trouschtronn.

Grupp B Meedercher:

Och am Grupp B konnt sech mam Miyu Nagasaki eng Japanerin déi éischte Plaz sécheren. An deenen dräi Partien an der Grupp huet si nëmmen 1 Saz verluer a steet domat ganz souverän an der Véierelsfinall. Am Kampf ëm déi zweet Plaz war et allerdéngs ganz enk. Hei konnt sech um Enn d'Jinnipa Sawettabut déi zweet Plaz sécheren, dat duerch d'Victoire am leschte Match géint d'Chin Yau Wong aus Hong Kong. Op déi leschte Plaz kënnt d'Michell Wu aus Australien.

Grupp C Meedercher:

D'Adina Diaconu aus Rumänien ass am Grupp C ganz souverän op déi éischte Plaz komm. D'Rumänin wënnt hir dräi Partien a qualifizéiert sech esou kloer fir d'Véierelsfinallen. Op d'Plaz 2 kënnt d'Ting-Ting Cheng, dat sech iwwerraschend géint d'Lisa Lung aus der Belsch behaapte konnt. D'Nathaly Paredes aus dem Ecuador kënnt iwwerdeems op déi leschte Plaz.

Grupp D Meedercher:

Déi éischte Plaz am Grupp D war fir Pei-Ling Su. Si konnt hir dräi Partië gewannen an hat just géint d'Selena Selvakumar Problemer. D'Selvakumar aus Indien huet sech e Samschdeg an der leschter Partie vun der Gruppephas awer dem Wing Sze Chau misse geschloe ginn a kënnt esou nëmmen op déi drëtte Plaz hannert dem Wing aus Hong Kong. D'Marwa Alhodaby aus Egypten konnt an der Gruppephas keng Partie gewannen a kënnt esou op déi lescht Plaz.

RTL

© Claude Siebenaler/FLTT

Véierelsfinallen:

Hären:

An der éischter Véierelsfinall bei den Hären hat de grousse Favorit, de Kanak Jha aus den USA, et mam Manush Shah aus Indien ze dinn. Ma esou einfach ewéi den Amerikaner et sech geduecht huet, war et awer net. Den Jha huet sech all Saz misse voll konzentréieren a konnt sech kaum Feeler erlaben. Um Enn konnt hien d'Partie zwar mat 4:0 gewannen, ma d'Partie war méi enk, ewéi d'Resultat et um Pabeier.

Uschléissend gouf dem Amerikaner säi Géigner gesicht, dat an der zweeter Véierelsfinall tëscht dem Yi-Hsin Feng an dem Denis Ivonin. De bessere start an d'Partie hat de Russ Ivonin erwëscht, hie konnt direkt déi éischt zwee Sätz gewannen an dat och relativ däitlech. Ma dono ass de Feng erwächt an hie konnt ganzer 3 Sätz um Stéck gewannen. Den Ivonin konnt dunn awer zeréckschloen an huet d'Sätz 6 a 7 knapps fir sech entscheet, fir sech domat fir d'Halleffinalle um Sonndeg ze qualifizéieren.

An der drëtter Halleffinall huet de Manav Thakkar et mam Rares Sipos ze di gehat. Den Inder war vun Ufank un de bessere Spiller, dat well de Sipos ze aggressiv gespillt huet. Hien huet ëmmer nees vill Bäll verschloen, well en op de Punkt spille wollt. Den Thakkar huet vun dësen onnéidege Feeler profitéiert a säi Spill duerchgezunn, ëmmer erëm huet hie mat vill Gefill attackéiert an esou konnt hien d'Partie mat 4:1 gewannen.

De Cristian Pletea war an der leschter Véierelsfinall bei den Hären de grousse Favorit, dat well de Géigner den Abdel-Aziz war, den Egypter, dee sech schonns iwwerraschenderweis fir dës Véierelsfinall qualifizéiere konnt. Ma z'ënnerschätze war hien och net, well hien an der Gruppephas géint de ganz grousse Favorit Kanak Jha gewonnen hat. An den Egypter konnt weider iwwerraschen. Mat enger méi ewéi konstanter Leeschtung iwwer 5 Sätz schléit hien de Cristian Pletea aus Rumänien a steet an der Halleffinall, wou hien elo op de Manav Thakkar untriede muss. De Cristian Pletea war bei dësem Tournoi op 2 gesat, den Abdel-Aziz op 10, deemno also eng grouss Iwwerraschung.

Dammen:

An der éischter Véierelsfinall sinn d'Maki Shiomi an d'Wing Sze Chau openee getraff.Hei war et vun Ufank un eng kloer Affär. D'Japanerin Shiomi huet dem Chau iwwert déi véier Sätz kaum eng Chance gelooss a konnt mat aggressivem Offensivspill iwwerzeegen.

Déi zweet Véierelsfinall gouf ausgedroen tëscht dem Adina Diaconu an dem Jinnipa Sawettabut aus Thailand. Hei huet déi favoriséiert Rumänin awer den éischte Saz missen ofginn, dat well si vill einfach Feeler gemaach huet an ze defensiv agéiert huet. Diaconu huet awer séier ëmgeschalt an huet der Spillerin aus Thailand et ganz schwéier gedoen. Mat ganz flottem Offensivspill an enger ganz staarker Virhand huet si d'Partie dunn awer kloer fir sech entscheet a spillt domat e Sonndeg an der Halleffinall géint d'Maki Shiomi.

D'Amy Wang aus den USA huet an der drëtter Véierelsfinall eng ganz gutt Figur ofginn. Déi jonk Amerikanerin huet zwar den éischte Saz verluer, dat obwuel si 10:6 vir war, ma dono huet si hirer Géignerin, d'Pei-Ling Su zwee Sätz um Stéck konnten ofhuelen. dono goung et Schlo op Schlo an et huet an de 7. an decisive Saz misse goen. Hei huet d'Su mat 13:11 gewonnen a steet domat an den Halleffinallen.

An der leschter Véierelsfinall vun den Dammen huet d'Japanerin Miyu Nagasaki ganz kuerze Prozess mam Ting-Ting Chen gemaach. Mat 4:0 geet d'Partie op en Enn an domat spillt d'Japanerin an der Halleffinall géint d'Su.

Trouschtronn:

Hären:

Am 1. Tour vun der Trouschtronn konnt den Amerikaner Sharon Alguetti sech kloer 4:1 géint de Yanapong Panagitgun behaapten. An enger ganz enker a ganz héichklasseger Partie konnt den Artur Abusev sech mat 4:3 géint de Fransous Bastien Rembert behaapten.

Du war et um Ademir Balaban, de jonke Lëtzebuerger huet géint de Francisco Sanchi missen untrieden. Ma den Argentinier war extrem gutt op dem Lëtzebuerger säi Spill agestallt an huet et domat immens schwéier gemaach, fir ze punkten. Den Ademir Balaban huet och, fir hie ganz ongewéinlech, vill eege Feeler gemaach an esou verléiert hie mat 1:4 géint de Sanchi, deen domat een Tour weider ass. Och am zweeten Tour steet hei den Kolodziejczyk, den Éisträicher huet sech kloer 4:0 géint den Australier Rohan Dhooria behaapt.

Am 2. Tour vun der Trouschtronn konnt de Bezwénger vum Ademir Balaban, de Francisco Sanchi, och de Maciej Kolodziejczyk klappen, dat mat 4:1. An der zweeter Partie hat den Artur Abusev nees eng ganz héichqualitativ Partie, déi Kéier géint de Sharon Alguetti, dat mam besseren Enn fir den Alguetti, deen hei 4:3 gewënnt.

Am Match ëm d'Plaz 9 stounge sech elo also de Sanchi an den Alguetti géigeniwwer. Hei huet den Alguetti, den Amerikaner de Match kontrolléiert a wënnt verdéngt a kloer mat 4:1 géint den Argentinier.

Dammen:

Am 1. Tour vun der Trouschtronn konnt d'Lisa Lung aus der Belsch sech ganz kloer mat 4:1 géint d'Marwa Alhodaby aus Egypten behaapten. An der zweeter Partie huet d'Archana Kamath dem Michelle Wu aus Australien keng Chance gelooss.

Och d'Sarah Meyer war an der Trouschronn aktiv, allerdéngs hat d'Lëtzebuergerin hei mam Selena Selvakumar eng ganz schwéier Géignerin. Ma d'Lëtzebuergerin huet gutt dogéint gehalen, ma um Enn ass et just duergaange fir ee Saz ze gewannen. Domat verléiert d'Meyer och hir 4. Partie.

RTL

© Claude Siebenaler/FLTT

Iwwerdeems konnt d'Chin Yau Wong sech géint Nathaly Paredes behaapten.

Am 2. Tour vun der Trouschtronn huet d'Chin Yau Wong mat 4:0 géint d'Selena Selvakumar gewonnen. Um Dësch niewendrun huet mam Archana Kamath eng zweet Inderin gespillt, dat géint d'Lisa Lung. Hei konnt d'Kamath mat 4:3 gewannen an huet domat am Match ëm déi 9. Plaz géint d'Wong missen untrieden.

D'Wong, dat esou just Véierelsfinalle verpasst hat, wënnt hei géint d'Kamath an domat och d'Trouschtron a séchert sech esou d'Plaz 9.

E Sonndeg geet et um 09.30 Auer weider mat den Halleffinallen an de Finallen. Dës kënnt Dir dann och am Livestream op RTL.lu an der App kucken.