De Luke an de Loic Kayser sou wéi och de Joe Schuster spillen zanter e puer Méint zu Gummersbach Handball. An hinne gefält et do richteg gutt.

Nach ni waren am Lëtzebuerger Handball esouvill Jugendlecher am Ausland, fir Handball ze spillen an och an d’Schoul ze goen.
5 jonk Lëtzebuerger Jonge ginn an d’Handballschoulen op Lemgo a Gummersbach. De Serge Olmo war déi 3 Gummersbacher bei hiren neie Veräin besichen.

De Charel Kirtz an den Eric Del Rosso maachen hir Schoul an trainéieren zu Lemgo, wou et hinne gutt gefält. Déi aner 3 Talenter, Luke a Loic Kaysen a Joe Schuster, sinn an der Handballschoul zu Gummersbach. Gummersbach ass e groussen Traditiounsveräin. Aktuell sinn d’Resultater an der Bundesliga awer éischter mëttelméisseg. Wéi mer si besiche waren hu mer déi Lëtzebuerger U19-Nationalekipp getraf,f déi zu Gummersbach am Stage war an och e Match géint eng Jugendselekioun vum VFL gespillt huet. Just de Loïc Kaysen war aktiv dobäi well déi 2 aner Lëtzebuerger liicht ugeschloe sinn respektiv vill ze jonk si fir d’U-19.

Wéi gesinn déi Gummersbacher d’Integratioun vun den 3 Lëtzebuerger Talenter? Bei deenen dräi goung et ganz séier, sou de Jan Schneider Responsabel vun der Handballakademie.

Fir déi Lëtzebuerger Handballfederatioun gëtt et eppes wéi en neie Wee, dee si wëlle mat de motivéierten an talentéierte Spiller goen. Nieft der U19 ass jo och d’U17 international Ënnerwee gewiescht. Dat schéngt den Trend ze sinn vun der Federatioun.

Zu Gummersbach mussen an der Handballakademie grouss sportlech Efforte geleescht ginn. Et gëtt nämlech bis zu 9 Mol an der Woch trainéiert. Dat Schoulescht gëtt awer absolut net vernoléissegt. Déi 3 sinn an der Gesamtschule zu Marienheide eng 10 Kilometer vu Gummersbach ewech. De Programm, deen déi 3 ze stemmen hunn, ass grouss besonnesch well si wéinst hiren Trainingsunitéite munch Stonne mussen nohuelen.

De Joe Schuster vum HB Diddeleng, deen elo de Weekend seng 18 Joer kritt, wunnt mat zwee Kollegen aus senger Ekipp an enger WG. Hien ass bis elo immens zefridden. Hie war sech bewosst wat hien erwaarde géing. Seng Integratioun a Veräin a Schoul war tipptopp.

De Luke an de Loïc Kaysen, déi vu Bierchem koumen, wunnen an engem Hotel, mä ënner Konditioune wéi an engem Internat. De Luke ass mat sengen 13 Joer de Jéngsten an der Handballschoul. Hien ass am gaangen, säin Dram ze realiséieren.

Säi Brudder ass sech scho ganz bewosst, datt dëst eng grouss Chance fir si ass, mä et ass evident, datt den Niveau an d’Konkurrenz grouss sinn.

Fir d’Eltere vun de Jugendlechen, déi dës Aventure probéieren, ass ganz vill Engagement gefrot. D’Sandra Kaysen, wat och an der Federatioun aktiv ass, zielt d’Stonnen net déi drop goungen, fir hire Jongen dat z’erméiglechen an och net d’Kilometer déi gefuer goufen.

Wat bei deenen 3 opgefall ass, ass dat si vu Gummersbach geschwat hunn, wéi wann dat hiert Doheem wier. Si hunn definitiv wëlles, hire Projet duerch ze zéien.