An der éischter Véierelsfinall vun de Luxembourg Ladies Tennis Masters stounge sech d’Alizé Cornet aus Frankräich an d’Kim Clijsters aus der Belsch géintiwwer. Am éischte Saz gouf et e klore 6:0 fir d’Cornet. Am zweete Saz huet d’Clijsters misse beim Stand vun 1:2 op Grond vun enger Blessur opginn. Domadder steet d’Cornet, déi eréischt dëst Joer e Schlussstréch ënnert hir Karriär gezunn huet, an den Halleffinallen.
An der zweeter Véierelsfinall vum Owend stounge sech d’Anabel Medina Garrigues aus Spuenien an d’Anett Kontaveit aus Estland géintiwwer. Och hei gouf et eng kloer Victoire an dat fir d’Anett Kontaveit. Si huet sech an zwee Sätz mat 6:1 a 6:3 duerchgesat.

Domadder sti sech d’Anett Kontaveit an d’Alizé Cornet an den Halleffinalle géintiwwer.
Wien et an déi zweet Halleffinall packt, decidéiert sech e Freideg. Hei kréien et am éischte Match vum Dag d’Angelique Kerber aus Däitschland an d’Kirsten Flipkens aus der Belsch mateneen ze dinn. Duerno ass et d’Partie Eugenie Bouchard aus Kanada géint Barbora Strycova aus Tschechien.
Op RTL kënnt Dir alleguer d’Partië live suivéieren.
LINK: All d’Fotoe vun de Luxembourg Ladies Tennis Masters ginn et hei.