En Donneschdeg war den Optakt vum aktuelle Spilldag an der WM-Qualifikatioun

An hei war et en batteren Optrëtt vu San Marino an Éisträich ginn. Schonn an der Paus nämlech louch déi kleng Natioun mat 0:6 hannen, nodeem de Schmid (7'), den Arnautovic (8'), de Gregoritsch (24'), de Posch (30' an 42') an den Laimer (45') markéiert hunn. Kuerz no der Paus huet den Arnautovic (47') nach mat sengem zweete Gol op 7:0 gesat, éier d'Éisträicher bal 30 Minutten net méi getraff hunn. An der Schlussphas dann awer hunn den Wurmbrand (76') esou wéi nach zwee Mol den Arnautovic (83' a 84') bis op 10:0 gesat.

Däitlech méi enk, wann och ma manner Goler, muss een dann d'Partie tëscht Schottland a Griicheland bezeechnen. Wärend an der éischter Hallschent nach keng Goler gefall sinn, huet den Tsimikas no e bësse méi wéi enger Stonn dëst geännert. D'Féierung fir d'Griiche sollt awer net laang halen. Well schonn zwou Minutte méi spéit, an der 64. Minutt, huet de Christie den Ausgläich markéiert. An der 80. huet de Ferguson dann esouguer d'Heemekipp a Féierung bruecht. Den Dykes huet dann an der Nospillzäit mam 3:1 den Deckel fir d'Schotten dropgemaach.

Ze erwänen ass dann awer och nach d'Leeschtung vun Zypern. No engem 0:2 Réckstand géint Bosnien-Herzegowina no engem Gol vum Katic an der 10. an engem Selbstgol vum Michail an der 36. Minutt, kommen d'Zyprioten duerch den Laifis an der Nospillzäit vun der éischter Hallschent an dem Pittas vum Punkt an der Nospillzäit vun der zweeter Hallschent zeréck an erkämpfe sech mam 2:2 ee Punkt.

D'Resultater an d'Tabellen am Iwwerbléck