"Qualität haben sie, unterschätzen dürfen wir sie nicht", esou de Serge Gnabry

© RTL
Nieft dem däitschen Nationalspiller hat de Serge Olmo am Virfeld vum Match och de Julian Nagelsmann, de Jeff Strasser an de Leandro Barreiro am Interview.
E grousse Rendez-vous waart e Freideg den Owend op d'Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp. An der WM-Qualifikatioun spillen d'Rout Léiwen hiren drëtte Match an dat géint de Weltmeeschter vun 2014 Däitschland.
Fir de Lëtzebuerger Leandro Barreiro, dee jo e puer Joer an Däitschland bei Mainz ënner Vertrag stoung, ass et e ganz spezielle Rendez-vous. Am Endeffekt géif et just ëm déi dräi Punkte goen, mee natierlech wier et eppes Besonnesches, fir géint Däitschland ze spillen, sou de Barreiro am Interview mam Serge Olmo.
Och wann Däitschland um Pabeier de klore Favorit ass, wëllen d'Lëtzebuerger sech net vu virera geschloe ginn. "Wichteg ass virun allem, datt mir gutt an de Match starten. Mir wëssen, wat mir kënnen, a mir wëssen, dat mir un eis gleewen."
Nieft enger gudder Leeschtung bréicht een awer och dat néidegt Gléck op senger Säit, net wéi géint d'Slowakei, wou een déi 90 Minutten iwwer déi besser Ekipp war, ma um Enn duerch e spéide Gol nach de Kierze gezunn huet. "Jo dee Match hate mir d'Gléck net op eiser Säit. Mir hoffen, datt mer et muer hunn, well mir wäerten et muer brauchen. Do geet eng gutt Performance eleng net duer, do brauchs de wierklech alles."
D'Lëtzebuerger Nationalekipp ass en Donneschdeg zu Sinsheim an Däitschland ukomm, wou de Match e Freideg den Owend um 20.45 Auer wäert ugepaff ginn. Dem Nationaltrainer Jeff Strasser no sinn d'Spiller bis op den Yvandro Borges all fit. Opgrond vun enger méiglecher Blessur riskéiert de jonke Lëtzebuerger auszefalen.
No enger Néierlag an enger Victoire steet Däitschland als Favorit am Grupp A ënner Drock. Fir de Jeff Strasser wier et schéin, wann een dovunner kéint profitéieren: "Dat soll och een Zil vun eis sinn. Mir wëssen awer och, datt eis am Moment am Grupp dee schwéierste Géigner erwaart. [...] Si wäerte muer mat Honnertprozenteger Konzentratioun an dee Match goen. Wat mir awer och wäerte maachen."
De Stadion wäert mat knapp iwwer 30.000 Spectateuren ausverkaf sinn, dorënner wäerte ganz vill Lëtzebuerger sinn. Ronn 2.400 Ticketen goufen eleng iwwer d'FLF verkaf. D'Ënnerstëtzung vun de ville Supporter ass de Spiller an dem Staff ganz wichteg.
"E grousse Merci an e risege Respekt, datt esou vill Leit sech fir de Match hei deplacéieren. Dat weist och, wéi den Engagement fir d'Nationalekipp ass a wéi och den Engagement fir de Match ass. An ech mengen et ware scho laang net méi esou vill Lëtzebuerger d'Ekipp am Ausland ënnerstëtzen."
Däitschland huet an der Lescht net ëmmer dat beschte Bild vu sech ofginn. Fir den däitschen Nationaltrainer Julian Nagelsmann zielt dofir virun allem emol d'Resultat géint Lëtzebuerg.
Déi däitsch Medien hunn an de leschten Deeg e kloert Bild gezeechent a gesinn déi däitsch Nationalekipp als klore Favorit. De Julian Nagelsmann wëll d'Rout Léiwen awer net ënnerschätzen: "Generell, wenn wir unsere Leistung abrufen, sind wir das bessere Team, aber die Luxemburger Mannschaft macht das sehr gut. Jeff Strasser hat eine gute Idee, einen guten Drive reingebracht. [...] Gegen die Slowakei war Luxemburg über weite Strecken auf keinen Fall schlechter von dem her sind wir gewarnt."
Lëtzebuerg wier net de Favorit am Grupp, kéint befreit opspillen an hätt eben net den Drock wéi Däitschland a kéint dofir och emol Risiko huelen, sou nach de Julian Nagelsmann.
De Profi vu Bayern München Serge Gnabry erwaart sech, datt d'Rout Léiwe mat vill Mutt an Elan op den Terrain wäerte kommen an net nëmmen defensiv wäerten hannendra stoen. Kloer zil wier et awer, fir déi dräi Punkten doheem ze halen, sou den däitschen Nationalspiller nach am RTL-Interview.
D'Partie Däitschland-Lëtzebuerg kënnt Dir e Freideg den Owend live op RTL suivéieren.