E Freideg den Owend huet sech d'Jeunesse zum Optakt vum 4. Spilldag op der Grenz géint Munneref duerchgesat.

De Liveticker vun all de Matcher fir nozeliesen.

De Resumé vu Match

Jeunesse Esch - US Munneref 2:1
1:0 Monteiro (11'), 2:0 Voilis (40'), 2:1 Tomas (48')

No gudden 10 Minutten ass et der Jeunesse gelongen duerch e Selbstgol a Féierung ze goen. De Voilis huet de Ball vun der rietser Säit mat vill Kraaft an d'Mëtt bruecht, wou de Monteiro dann onglécklech an de Ball gerutscht ass a sou den eegene Gol getraff huet. An den nächste Minutten huet d'Lokalekipp weider de Match bestëmmt a Munneref huet et wann da mat laange Bäll no vir probéiert. 5 Minutte virun der Paus huet d 'Ekipp vun Esch sech da mat engem zweete Gol belount. De Voilis stoung op der richteger Plaz an huet mat engem stramme Schoss op 2:0 erhéicht. Mat dëser verdéngter Féierung ass et dann och an d'Paus gaangen.

Nom Säitewiessel hunn déi ronn 600 Spectateuren op der Grenz net all ze laang missten op e Gol waarden. An der 48. Minutt huet e Jeunesser Spiller de Ball no engem Fräistouss onglécklech op de Kapp krut an domat fir Munneref duerch e Selbstgol op 1:2 verkierzt. Mat der Zäit huet d'Jeunesse de Match ëmmer méi aus der Hand ginn a sou ass Munneref ëmmer méi zum Zuch komm. Bis zum Schluss sollt de Gol zum Ausgläich awer net méi geléngen a sou wënnt d'Ekipp vun der Grenz mat 2:1.

D'Tabell vun der BGL Ligue