Bulgarien ka fir d'Éischt de WM-Titel wannen, iwwerdeems Italien de 5. Titel gewanne kéint.

Op der Volleyballweltmeeschterschaft bei den Hären op de Philippinne spille Bulgarien an Italien ëm d' Goldmedail.

Tschechien - Bulgarien 1-3 (20-25, 25-23, 21-25, 22-25)

An der éischter Halleffinall hunn d' Bulgare ronderëm d' Nikolov Bridder vun Ufank un Drock gemaach. Et war vill Nervositéit op béide Säiten ze spieren. Ëmmerhin waren d' Tscheche fir eng éischte Kéier ënnert de leschte 4 vun enger WM an d' Bulgaren haten et zënter 2006 net méi esouwäit bruecht.

Nodeems d' Bulgaren den éischte Saz kloer gewanne konnten hunn d' Tschechen d' Heft an d' Hand geholl. Galabov a Vasina hunn déi Bulgaresch Defense gefuerdert an déi war an dëser Phas net um selwechte Level. Ëmmer erëm war de bulgaresche Libero Kolev ze spéit oder net präzis genuch. Doduerch hat den Moni Nikolov Problemer seng Attaquant'e fräi ze spillen. An engem Timeout huet de Gianlorenzo Blengini (Trainer vu Bulgarien) méi Risiko gefuerdert. Fir den zweete Saz sollt et awer net méi duergoen.

An der Suite hunn d' Bulgaren op hiren Trainer gelauschtert an direkt am Ufank vum drëtte Saz mat engem Ass vum Moni Nikolov e Breakpunkt maache kënnen. Obwuel d' Bulgaren iwwert de ganze Match gekuckt méi Feeler gemaach hunn (28 zu 22) hunn si duerch de méi héijen Drock den Tschechen och manner Optioune ginn. Esou ass och déi besser Statistik am Block (12-7) ze erklären.

D'Tschechen hunn zwar net labber gelooss mee den Alex Nikolov war mat am Ganzen 31 Punkten net ze bremsen.

Polen - Italien 0-3 (21-25, 22-25, 23-25)

Am zweete Match vum Dag hunn sech de VNL Gewënner, Polen, an den Titelverdeedeger Italien. géint iwwer gestanen.
Et war e Match op Aenhéicht an allen 3 Sätz loungen d' Italieener bis Mëtt vum Saz hannen. Zäitweis hu Giannelli a Co missen 3 Punkte gutt maachen. Et goufe vill laang Ballwiessel an déi konnte meeschtens d' Italieener gewannen.

Ëmmer nees stoung de polneschen 3er Block op der richteger Plaz esou datt keen direkte Punkt méiglech war. Mat der Routine hu Michieletto, Romano a Bottolo de Ball recuperéiert a gedëlleg op d' Chance gewaart fir ze Ball am polneschen Terrain ze placéieren.

Och wann dat kloert Resultat vun 3-0 der polnescher Leeschtung net gerecht gëtt, huet awer déi besser Ekippeleeschtung et an d'Finall gepackt.