Esch füügt Diddeleng éischt Néierlag zou

© Serge Olmo
Rëmeleng séchert sech wichteg Punkte géint Dikrech, Déifferdeng gewënnt um Standard a Bierchem iwwerrennt Käerjeng.
Axa League Hären
Et war e weidere Krimi mat Diddelenger Bedeelegung. Wéi scho virun enger Woch géint Déifferdeng war bis an d'Schlussminutten net kloer, wien als Gewënner vum Terrain goe sollt. No 60 Minutten duerft sech Esch iwwer en 30:29 géint den HBD freeën. Bei de Gäscht hunn den Ojie an de Samuel Etute gefeelt, well si mat der Famill an den USA ënnerwee sinn. Déi jéngst Schwëster wäert wéi d'Isi Etute do op der Uni Basket spillen. Fir de Loris Labonte an de Yann Hippert, déi am Summer vun Esch an d'Forge du Sud gewiesselt sinn, war et den éischte Match géint hir al Coequipieren. Si konnten awer net déi gewinnt Akzenter setzen.
Et huet een Diddeleng an der Ufanksphas ugemierkt, dass d'Etute-Bridder gefeelt hunn. D'Fiiss hu sech schwéier gedoen, hire Rhythmus ze fannen. De Yakub Lallemang, deen den Ojie Etute ersat huet, hat e schwéiere Stand géint eng kompakt Escher Defense. Bis an d'Paus konnt sech keng Ekipp méi wéi 2 Goler ofsetzen a sou stoung et no 30 Minutte 16:14 fir d'Gäscht.
Bis an d'40. Minutt hat et gewierkt, wéi wann Diddeleng de Match ënner Kontroll hätt, mee duerno hunn d'Escher d'Féierung iwwerholl a sollten dës bis an d'Schlussminutte behalen. Diddeleng konnt an dëser Phas dem Matush Lallemang Merci soen. De jonke Golkipp huet vill wichteg Parade gewisen an d'Gäscht sou am Match gehalen. Mee och hie konnt näischt un der éischter HBD-Néierlag änneren.
An de leschten zwou Minutten hunn d'Arbittesche mat enger Rei zweiwelhaften Decisioune méi Feier wéi néideg an d'Spill bruecht. Ganzer fënnef Zäitstrofen hu si verdeelt. Esch konnt mam leschten Ugrëff den decisive Gol markéieren an duerft déi zweet Victoire feieren.
D'Esperance Rëmeleng huet mam 35:29 géint de Chev Dikrech Big Points am Kampf ëm Plaz 6 gesammelt. Rëmeleng hat fréi de Vincent Schockmel duerch eng direkt Disqualifikatioun verluer. Dikrech konnt dovu profitéieren a louch an der Paus 15:13 vir, mee Rëmeleng huet sech nom Säitewiessel erëmkaaft. Tëscht der 33. a 45. Minutt louch maximal ee Gol tëscht béiden Ekippen, duerno konnt sech d'Lokalekipp ofsetzen an duerft sech iwwer déi éischt Punkte freeën.
D'Red Boys Déifferdeng setzt sech um Enn kloer 27:21 beim HC Standard duerch. An der éischter Hallschent huet ee sech an der Bouneweger Hal d'Ae geriwwen, well net de Champion, mee d'Lokalekipp gréisstendeels vir war. Et war awer ëmmer en enke Match. Och nom Säitewiessel beim Stand vu 14:13 fir de Standard blouf et laang Zäit serréiert an d'Féierung huet hin an hier gewiesselt. Et huet bis an d'49. Minutt gedauert, bis Déifferdeng déi éischt Kéier 3 Goler vir war, woumat d'Géigewier vun de Stater gebrach war. Der Red Boys war tëscht der 47. an 55. Minutt e 6:0-Laf gelongen, deen d'Entscheedung bruecht huet.
Den HC Bierchem huet de Gäscht vu Käerjeng keng Chance gelooss a gewënnt kloer 41:26. Domat sinn d'Réiserbänner weiderhin ongeschloen. Käerjeng konnt 20 Minutte mathuelen (11:9), mee duerno huet d'Ekipp vum Marko Stupar den Ecart gemaach a konnt sech bis an d'Paus op 20:15 ofsetzen. Mat engem 5:1-Laf nom Säitewiessel huet Bierchem de Virsprong ausgebaut an hat eng komfortabel Avance (25:16). De gréisste Virsprong fir Guden, Weyer a Co ware 15 Goler beim Ennresultat.
Axa League Dammen
Schonn e Freideg hate sech de Museldall an Déifferdeng e Kapp-u-Kapp-Duell geliwwert, mam besseren Ausgang fir d'Gäscht. D'Ekipp aus der Cité du Fer huet sech mat 30:28 op der Musel behaapt. An engem u Spannung net ze iwwerbiddende Match goung et iwwer 60 Minutten hin an hier. Mol war d'Lokalekipp vir, mol d'Gäscht. Dräi Minutte viru Schluss stoung et 28:28, mee et sollten d'Déifferdengerinne sinn, déi déi néideg Reussite op hirer Säit haten, fir 2 Punkte mat heem ze huelen.
E Samschdeg hu sech Diddeleng a Käerjeng keng Bléisst ginn. Käerjeng huet sech 34:15 beim Standard duerchgesat an Diddeleng war 31:14 op Esch wannen.