Den Iwwerbléck vum internationale FuttballÉischten Néierlag fir Liverpool, Atlético wënnt Derby géint Real

RTL Lëtzebuerg
Crystal Palace klappt Liverpool a leschter Sekonn iwwerdeems Manchester City Burnley iwwerrennt. Juve an Atalanta spille Gläich.
© AFP

Weider Victoirë ginn et fir Manchester City a Brentford, déi sech mat 3:1 géint Manchester United duerchgesat hunn.

An der Bundesliga huet sech Dortmund souverän géint Mainz duerchgesat. E Freideg an e Samschdeg waren och eng sëlleg Lëtzebuerger Futtballer mat hire Veräiner am Asaz. De kompletten Iwwerbléck fannt dir hei.

Premier League

FC Brentford - Manchester United 3:1
1:0 Thiago (8'), 2:0 Thiago (20'), 2:1 Sesko (26'), 3:1 Jensen (90+5')

Manchester United huet no der Victoire leschte Spilldag géint Chelsea um Samschdeg de Mëtteg mat 1:3 auswäerts géint Brentford verluer. Virun allem an der Ufanksphase war Manu iwwerfuerdert a louch relativ frei am Match mat 2 Goler a Réckstand. Nom Uschlossgol vum Sesko an der 26. Minutt hunn d’Spectateuren zu Brentford een ausgeglachene Match gesinn. Déi beschte Chance op den Ausgläich hat de Bruno Fernandes an der 76. Minutt per Eelefmeeter. Säi Schoss sollt de Jekkeher awer paréieren. An der Nospillzäit huet d’Lokalekipp de Match zou gemaach a gewënnt mat 3:1 géint Manchester United.

Crystal Palace - FC Liverpool 2:1
1:0 Sarr (9’), 1:1 Chiesa (87'), 2:1 Nketiah (90+7')

Crystal Palace huet et op en Neits fäerdeg bruecht Liverpool ze klappen. Dësen Exploit ass der Ekipp vum Trainer Oliver Glasner schonn an der Finall vum Community Shield gelongen. D’Lokalekipp war iwwer déi 90 Minutten déi spillbestëmmend Ekipp, an hätt an der Paus scho mei héisch wéi nëmmen 1:0 a Féierung goe missten. Kuerz viru Schluss huet de Chieas fir den LFC konnten ausgläichen an et huet alles no engem Gläichspill ausgesinn. An enger fulminanter Schlussphase huet den Edward Nketiah an der 7 Minutt vun der Nospillzäit fir de Luck Punch gesuergt. Domat ass Crystal Palace och elo neien Zweeten an der Tabell, 3 Punkten hannert Liverpool.

FC Chelsea - Brighton 1:3
1:0 Fernandez (24’), 1:1 Welbeck (77'), 1:2 De Cuyper (90+2'), 1:3 Welbeck (90+10')

Manchester City - FC Burnley 5:1
1:0 Esteve (12’, Selbstgol), 1:1 Anthony (38'), 2:1 Nunes (61'), 3:1 Esteve (65', Selbstgol), 4:1 Haaland (90'), 5:1 Haaland (90+3')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Juventus Turin - Atalanta Bergamo 1:1
0:1 Sulemana (45+1'), 1:1 Cabal (78')

Am Spëtzematch tëscht Juventus an Atalanta spille béid Ekippen 1:1-Gläich. Dobäi war Juve an der 1. Hallschent déi kloer besser Ekipp, huet sech awer net konnte belounen. An esou huet de Sulemana an der Nospillzäit vum 1. Duerchgang de zu deem Zäitpunkt onverdéngten 1:0 fir d’Gäscht markéiert. Nom Säitewiessel huet sech Bild gedréint, d’Lokalekipp stoung op emol hannendran a Bergamo huet mam 1:0 am Réck flotte Futtball gewisen. An der 78. Minutt sollt de Cabal e Feeler vum Kossounou äiskaal ausnotzen. Mam 1:1 sollt de Match dann och op en Enn goen.

Cagliari Calcio - Inter Mailand 0:2
0:1 Martinez (9'), 0:2 Esposito (82')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

FC Lorient - AS Monaco 3:1
1:0 Bamba (40'), 2:0 Pagis (76'), 3:0 Pagis (82'), 3:1 Fati (90+7')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Atlético Madrid - Real Madrid 5:2
1:0 Le Normand (14'), 1:1 Mbappe (25'), 1:2 Guler (36'), 2:2 Sorloth (45+3'), 3:2 Alvarez (52'), 4:2 Alvarez (64'), 5:2 Griezmann (90+3')

An engem fulminantem Derby setzt sech um Enn d’Ekipp vum Diego Simeone mat 5:2 duerch. Tëschenzäitlech louch een no 36. Minutten nach mat 1:2 a Réckstand. Rojiblancos hu vun Ufank u mat héischem Pressing dem Real keng Loft zum Ootmen ginn a louchen esou och séier a Féierung. Bannent 11 Minutte konnt Real de Match dréinen, Mbappe a Güler waren hei Protagonisten. Nom Säitewiessel huet den Alvarez op Säite vun Atlético opgedréint an mat 2 Goler fir d’Virentscheedung gesuergt. De Schlusspunkt huet de Griezmann markéiert, säin 1. Gol säit dem 1. Februar.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO