Dem Charel Grethen seng Karriär ass e Samschdeg Nomëtteg op en Enn gaangen
Lët’z Mile, déi vu sengem Veräin CSL organiséiert gouf, war dem 33 Joer ale Liichtathlet seng leschten offiziell Course.
D'Lëtz Mile gouf am Kader vum 25. Anniversaire vum CS, de gréisste Liichtathletikveräin aus dem Land, zu Éieren vum Charel Grethen organiséiert.
De Mëttelstreckeleefer zitt mat dëser Mile an der Avenue de la Liberté e Stréch ënnert seng brillant Karriär.
Besonnesch d’Course vun der Elite bei den Häre war mat Top Leefer staark besat. D'Leefer déi mat um Depart stoungen hat de Charel Grethen am Laf vu senger Karriär kenne geléiert. De Louis Gilavert gouf éischten an huet 4:11.1 gebraucht fir déi 1609 Meter zréckzeleeën.
De Charel Grethen, de Finalist vun den Olympesche Spiller vun Tokyo iwwer 1500 Meter, gouf de 5ten.
D’Course vun den Damen gouf vun der Spuenierin Carla Masip gewonne. D'CSL Leeferin Kimperly Chinfatt, gouf als 5. déi bescht Lëtzebuergerin virum Carole Kill.
De Charel Grethen ass zum Schluss nach eng Mile zesumme mat Leit déi hien ënnerstëtz oder begleet hu wärend, senger erfollegräicher Karriäre, gelaaf. Dorënner seng Mam a säi Papp, de Xavier Thillen, de President vum CSL an de fréiere Champion am Kugelstoussen de Bob Bertemes an d’Sprinterin Patricia Van der Wecken.
Am ganze stounge 6 Coursen um Programm.