Am Vierdergrond vun dësem Festival steet de Vëlo
Um Programm stinn BMX Presentatiounen, Expoen a Workshops, an och Leit mat kierperlecher Aschränkung sollen hei eppes gebuede kréie.
Dëse Weekend gëtt zu Esch op der Gemengeplaz den Urban Bike Festival organiséiert.
Flott unzegesinn waren d’Konschtstécker vun de BMX Fuerer um éischten Dag vum Urban Bike Festival zu Esch op alle Fall, mee net nëmmen déi sollte bei dësem Evenement am Vierdergrond stoen. Och nach gouf een Occasiounsmaart vir Vëloen organiséiert an d’Leit konnten sech de ganzen Dag bei Expoen déi neiste Produiten aus der Vëloswelt ukucken. Dobäi kommen dann nach eng Rëtsch aner interessant Aktivitéiten.
Louis Haas (Organisateur vum Urban Bike Festival)
« Mir hu Randonnéen déi mir organiséieren. Eng am Gravel, eng am Mountainbike, vun 33km an 34km, déi hei op der Gemengeplatz fortginn an dann och rem hei unkommen. An och net ze vergiessen, Muer ass ee Family Bike Ride, wou déi ganz Famill kann een Tour maache vu Ronn 10km. »
Awer och fir Leit mat kierperlecher Aschränkung war ee Stand do, deen alles ronderëm d’Rollstullfueren erkläert huet. Et wëll een de Leit d’technologesch Entwécklungen méi no brënge an dobäi och weise wat schonn alles méiglech ass.
Luciano Fratini (Prëtt fir ze hëllefen)
« Et ass fir ze weisen, vir Leit déi net onbedéngt am Rollstull setzen, mee och vir der déi villäicht «Gehbehindert» sinn. Du kanns et mathuelen, du kriss et an all normalen Auto. Zum Beispsill ganz vill MS erkrankte Leit déi nach net ageschränkt sinn, wann se bis dat hei entdeckt hunn, hunn se eng nei Fräiheet entdeckt. »
De Fokus vum Festival soll awer weiderhin um Vëlo als Fortbeweegungsmëttel leien. Et soll virun allem de breede Public ugereegt gi méi mam Vëlo ze fueren an d’Vëlofueren net nëmmen als Sport, mee och als Alternativ fir den Alldag ze gesinn.
Louis Haas (Organisateur vum Urban Bike Festival)
« Et ass fir d’Popularitéit vum Vëlossport, sief et elo de Sport selwer oder de Vëlo als Transportmëttel. Mir hunn och vill Exposanten déi Mëttlerweil éischter Cargobikes exposéieren, dat heescht et ass bëssen méi fir de Grand Public, mam Vëlo als Beweegungsmëttel. »
Nom éischten Dag haut, geet et da Muer mam zweeten Dag vum Urban Bike Festival zu Esch weider, wou als Haaptattraktioun virun allem de Family Bike Ride um Programm stoe wäert.