Mat 3:2 klappt Fenteng de grousse Favorit Stroossen. Bei den Dammen huet sech Mamer géint Walfer däitlech mat 3:0 duerchgesat.

Eng Woch virum Optakt vun der Saison am Volleyball-Championnat gouf um Samschdeg d'Supercoupe bei den Dammen an Häre gespillt.

Bei den Häre war de grousse Favorit de Coupegewënner a Champion Stroossen. Géigner um Samschdeg den Owend war Fenteng. Stroossen ass schlecht gestart, huet dono awer en Zant zougeluecht. Um Enn sollt e fënnefte Saz entscheeden. Hei hat Fenteng déi besser Nerven a gewënnt no engem Krimi mat 3:2 (25:23, 14:25, 20:25, 25:16, 23:21).

An et waren och déi Fentenger déi besser an de Match gestart sinn a schnell mat 8:5 am Avantage louchen. Bei Stroossen ass zu dësem Zäitpunkt net vill zesumme gelaf an esou louch e tëschenzäitlech mat 10:19 a Réckstand. De Saz sollt um Enn awer nach spannend ginn, Fenteng huet dësen awer mat 25:23 wanne konnten.

An der Suite ass Stroosse senger Favoritteroll awer gerecht ginn. An sou sollt den an 2. an 3. Saz och un den aktuelle Champion goen (25:14 an 25:20). AM 4 Saz sollt sech d'Blat nees dréinen, Fenteng konnt de mat 25:16 fir sech entscheeden. Et huet also en decisive 5. Saz gespillt ginn.

De Match huet sech an zu engem absolutte Krimi entwéckelt, wou béid Ekippen um absoluttem Limitt gespillt hunn. No enger dramatescher Schlussphase ka sech um Enn Fenteng den Titel sécheren.

Bei den Damme stounge sech den Doublégewënner Mamer a Walfer géintiwwer. De Favorit vu Mamer ka sech um Enn och däitlech duerchsetzen a gewënnt mat 3:0 (25:19, 25:17, 25:23) géint Walfer.

Virun allem an deenen éischten 2 Sätz war de VCM iwwerleeën. Den drëtte Saz war vill mei ausgeglach, Walfer huet et awer net gepackt de Saz fir sech ze entscheeden, sou dass de Titel op Mamer geet.
 
De Match Mamer géint Walfer kennt dir hei am Replay kucken.