Uefa Conference League
Tickete fir Racing géint Breiðablik ginn an de Verkaf

© Val Wagner / Archiv
De Match gëtt am den 8. Juli Josy Barthel gespillt an d'Autoritéiten hunn dem Veräin accordéiert, 2.000 Spectateuren eranzeloossen.
All Persoun, déi um Match deelhuele wëll, muss geimpft sinn oder en negativen Test virweisen, deen net méi al wéi 48 Stonnen ass. Fir 5 Euro kann een awer och e Schnelltest op der Plaz maachen.
Wien Tickete wëll, muss sech als éischt bei Lets-meet.org aschreiwen, dono eng Mail u president@racing-union.lu maachen, an do uginn, wéi vill Ticketen ee brauch a wou ee wëll sëtzen. Dono kann een dann d'Ticketen an d'Etüd vun der Notaire Karine Reuter, op 488 Route de Longwy an der Stad, siche goen.
Am meeschte gelies