Man City, Newcastle, Tottenham an Arsenal setze sech duerch

© OLI SCARFF / AFP
E Mëttwoch goufen déi lescht Matcher vun der drëtter Ronn vum EFL Cup am englesche Futtball gespillt.
An deene véier Partien huet sech jeeweils de Favorit aus der Premier League duerchgesat.
Manchester City wënnt duerch Goler vum Phil Foden an der 18. a vum Savinho an der 74. Minutt auswäerts zu Huddersfield.
Newcastle setzt sech doheem mat 4:1 géint Bradford duerch. De Joelinton an de William Osula markéieren duebelt fir d'Haushären. Den Éieregol fir d'Gäscht schéisst den Andy Cook.
Tottenham wënnt duerch Goler vu Palhinha, McGarth an Johnson doheem mat 3:0 géint d'Doncaster Rovers.
Arsenal setzt sech dann auswäert mat 2:0 géint Port Vale duerch. D'Goler schéissen den Eze an der 8. an den Trossard an der 86. Minutt.