E Méindeg den Owend war am Théâtre du Châtelet zu Paräis déi traditionell Zeremonie vum prestigiéise Ballon d'Or.

Hei goufen déi bescht Futtballerinnen a Futtballer vun der vergaangener Saison ausgezeechent.

Bei den Hären ass de Ballon d'Or eng éischte Kéier un den Ousmane Dembélé gaangen. De PSG (Paris Saint-Germain) hat deen Owend iwwregens zu Marseille een Nodrosmatch gespillt, deen e Sonndeg wéinst schlechtem Wieder ofgesot an op e Méindeg den Owend verluecht gi war. Dofir war bis op de blesséierten Désiré Doué soss kee Spiller vum PSG op der Präis-Iwwerreechung dobäi.

Bei den Damme konnt sech d'Aitana Bonmati nees de Ballon d'Or sécheren, dat fir déi 3. Kéier hannerteneen.

Mam Kopa-Präis gouf och nees de beschten Nowuessspiller ausgezeechent. Bei den Häre war dat den 18 Joer jonke Lamine Yamal. Bei den Damme gouf dëse Präis dës Saison eng éischt Kéier verginn. Hei gouf d'Vicky Lopez gewielt. Béid Spiller sinn iwwregens bei Barcelona aktiv.

De Yashin-Präis fir de beschte Golkipp ass un den Gianluigi Donnarumma gaangen. Och dëse Präis gouf bei den Dammen dëst Joer eng éischte Kéier verginn. Bescht Golkipperin war deemno d'Hannah Hampton.

Mam Gerd-Müller-Präis gouf dann de beschte Buteur (Club an Nationalekipp) bei den Hären, an och hei, fir eng éischte Kéier bei den Damme gekréint. Gewënner a Gewënnerin waren hei de Viktor Gyökeres an d'Ewa Pajor.

Beschten Trainer vun der leschter Saison war bei den Hären de Luis Enrique, deen de Johan-Cruyff-Präis entgéint geholl huet, genau sou wéi d'Sarina Wiegman bei den Dammen.

Als bescht Ekipp vu leschter Saison ass da bei den Häre Paris St. Germain gewielt ginn, bei den Damme war et den FC Arsenal.

Déi lescht Auszeechnung vum Owend gouf et dann nach mam Socrates-Präis, deen un d'Xana Foundation gaangen ass. Fir dëse Präis gouf ee Futtballer, eng Futtballerin oder, wéi an dësem Fall, eng Organisatioun gesicht, deen oder déi sech an der leschter Saison fir Integratioun, Ëmweltschutz a fir Mënschen agesat huet, déi vu Konflikter menacéiert oder benodeelegt waren. Den Numm vun der Foundatioun ass dee vun der Duechter vum Luis Enrique, dat am Alter vun nëmmen néng Joer u Schanke-Kriibs gestuerwe war.

Wien huet ofgestëmmt?

Ofgestëmmt hunn an den Haaptkategorië Journalisten aus der ganzer Welt, sou wéi eng Jury, déi aus Vertrieder vun de beschten 100 Natioune bei den Hären a vun de beschte 50 Natioune bei de Frae weltwäit zesummegesat war. Aus enger Lëscht vun 30 nominéierte Kandidate sollten dann 10 Spiller gewielt ginn, déi jeeweils 15, 12, 10, 8, 7, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt krut hunn. De Ballon d'Or ass da schlussendlech un de Spiller mat de meeschte Punkte gaangen.

Bei hirem Choix sollten d'Journalisten an d'Memberen aus der Jury op dräi Critèrë kucken: Déi individuell-Leeschtung, d'Ekippe-Leeschtung an de Fairplay vum Spiller.