Tennis
Lëtzebuerger Davis-Cup-Ekipp spillt am Playoff heiheem géint d'Ukrain

© FLT / Laure Felgen (Archiv)
D'Ekipp vum Kapitän Gilles Müller spillt tëscht dem 6. an 8. Februar heiheem ëm de Maintien am Weltgrupp I.
0:4 huet sech déi Lëtzebuerger Tennis Davis-Cup-Ekipp viru ronn zwou Wochen auswäerts am Chile misse geschloe ginn. D'FLT-Formatioun spillt deemno am Playoff, fir am Weltgrupp I ze bleiwen. En Dënschdeg war zu London a Groussbritannien d'Auslousung. Vum 6. bis den 8. Februar heescht de Géigner heiheem Ukrain.
D'Ekipp ronderëm de Kapitän Gilles Müller hofft dann natierlech nees op de Chris Rodesch, deen an der Lescht blesséiert war, kënnen zeréckzegräifen.
Am meeschte gelies