Tierkei an d'Belsch suerge fir eng Iwwerraschung

© Photo by DANIEL CENG / ANADOLU / Anadolu via AFP
Op de Philippinnen huet et an der Ronn vun de leschte 16 Ekippen ënner anerem Holland a Slowenien erwëscht.
Um éischte Spilldag konnt sech den Nations-League-Gewënner Polen mat 3:1 géint Kanada behaapten. Am Match tëschent der Tierkei an Holland huet et d'Europäer erwëscht. D'Tierken avancéieren domat ëmmer méi zum Mat-Favorit. Schonn an der Virronn hu si Japan eliminéiert an hu bis elo a 4 Matcher eréischt 2 Sätz ofginn. D'Polen wäerten d'Iwwerraschungsekipp an der Véierelsfinall elo awer net ënnerschätzen.
Um zweete Spilldag koum et zum Toppmatch tëschent dem Titelverdeedeger Italien an Argentinien. An enger héichklasseger Partie hu sech d'Italiener, wou och de fréiere Lëtzebuerger Nationalspiller Kamil Rychlicki am Kader steet, mat 3:0 (25:23, 25:20, 25:22) duerchgesat. Am zweete Match vum Dag konnte sech eis Noperen, d'Belsch, souverän géint Finnland beweisen. D'Skandinavier hate jo an der Virronn nach den duebelen Olympiagewënner Frankräich Heem geschéckt. Den omnipresente Ferre Reggers an de Kapitän Sam Deroo hunn zesummen 39 vu 75 Punkte fir d'Belsch markéiert an domat de Grondsteen fir den 3:0 (25:21, 25:17 a 25:21) geluecht. An de Véierelsfinalle kënnt et dann elo zum Remake tëschent béiden Ekippen, déi schonn an der Virronn géintenee gespillt hunn a wou d'Belsch mat 3:2 d'Iwwerhand behalen hat.
Um Méindeg konnt Bulgarien seng Favoritteroll mat engem 3:0 (25:19, 25:23, 25:13) géint Portugal confirméieren. Virun allem am drëtte Saz krut Portugal géint d'Gebridder Nikolov a Co kee Fouss op de Buedem. De Géigner vu Bulgarien gouf am Match tëschent den USA a Slowenien gesicht. D'Slowenen haten hei de besseren Depart a konnten den éischte Saz mat 25:19 mathuelen. Duerno sinn d'USA däitlech besser an de Match komm. Si hu quasi alles verdeedegt wat vu Stern a Mujanovic attackéiert gouf a ware vun elo un och um Service dominant. Dem Champlin seng 2 Assen hannerteneen hunn d'USA definitiv op d'Gewënnerspuer gefouert. De Passeur a Kapitän Micah Christenson huet och bei manner gudde Receptiounen ëmmer déi richteg Uspillstatioun fonnt an d'Amerikaner zur verdéngter 3:1 (19:25, 25:22, 25:17, 25:20) Victoire gefouert. De Match géint déi jonk Bulgaren an der Véierelsfinall de 25. September wäert definitiv eng Schlabäizche fir all Volleyballsfrënd ginn.
Déi lescht Partie an der Ronn vun de beschten 8 heescht Tschechien géint Iran. D'Tschechen, déi nach 2024 an der CEV Golden League zu Lëtzebuerg gespillt hunn, konnte sech mat engem kloren 3:0 (25:19, 25:18, 25:23) géint de leschte Vertrieder vum afrikanesche Kontinent, Tunesien, behaapten. Den Iran setzt sech an engem emotionale Match mat 3:2 géint Serbien duerch.