Déi dreckegst Course vun allen Zäiten

© RON KUNTZ / IOPP / AFP
De Ben Johnson leeft 1988 zu Seoul Weltrekord iwwer 100 Meter a gëtt Olympiagewënner. Duerno geréit de Kanadier an den Zentrum vun engem Doppingskandal.
Scho länger war gemunkelt ginn, de gebiertegen Jamaikaner géing verbuede Substanzen huelen. Ze markant war säi muskuléisen an definéierte Kierper iwwer d'Jore ginn. Bei den Olympesche Summerspiller 1984 hat säi grousse Konkurrent Carl Lewis nach d'Iwwerhand behalen a Gold gewonnen. Duerno war et bei de Goodwill Games zu Moskau a bei der WM zu Roum um Johnson. Vill ze soen haten déi Zwee sech ni. Ze ënnerschiddlech hir Liewensweis an hire perséinleche Background. Den Johnson, Fraenheld a Partygänger aus einfache Verhältnisser, war net dat, wat de Lewis gewinnt war. De Bouf vu studéierten Eltere war reservéiert an net dee beléiftsten ënner Kolleegen - net just well e meeschtens fir sech an engem aneren Hotel wéi déi aner Sportler logéiert huet.
Héich geflunn
Den Terrain war preparéiert fir eng Finall vun der Extraklass. D'Superstaren am Sprint. Op béide Säite vum Eisene Riddo war där 100-Meter-Finall entgéintgeféiwert ginn. Den explosive Kanadier war vum Start ewech vir, a konnt seng Konkurrenten haushéich schloen. Op de leschte Metere konnt hien et sech souguer erlaben, de Fanger an d'Luucht ze hiewen a sengem US-amerikanesche Konkurrent en eendeitege Bléck zougeheien. De Ben Johnson war mat 9,79 Sekonnen neie Weltrekord gelaf an elo den onbestriddene Kinnek vun de Sprinter. Dem Lewis säi Shake-hands direkt no der Arrivée war dem Kanadier net wierklech vill wäert.
Déif gefall
Dräi Deeg méi spéit war den Johnson säi Gold a säi Rekord awer erëm lass. Säin Doppingtest war positiv. D'Goldmedail goung u säin Äerzrival Carl Lewis, deen 9,92 Sekonne gelaf war. Bis haut behaapt hien awer, hie wier bedru ginn. De Kanadier huet wuel entretemps zouginn, jorelaang gedoppt ze hunn, mee hien hätt awer sechs Woche virun de Spiller zu Seoul domat opgehalen. Hie wier jo net sou blöd, kuerz virun Olympia nach Steroiden anzehuelen, sot den Johnson an engem Interview. Den Hick an der Saach: Hie war positiv op Stanozolol getest ginn. E Mëttel, dat hien, eegenen Aussoen no, ni geholl hat.
Just zwee Athlete ware "propper"
War de Ben Johnson bedru ginn? Hat de Carl Lewis eppes domat ze dinn? Oder deem säin Teamkolleeg André Jackson, dee beim Test no der Course zu Seoul mam Johnson am Raum war? Déi Zwee hate sech d'Joer virdrun ugefrënnt an hunn zesumme Béier gedronk, fir datt den Johnson seng Urinprouf konnt ofginn. Hie soll dem frëschgebakenen Olympiagewënner, op Uerder vum Lewis sengem Camp, eppes Verbuedenes an de Béier gemaach hunn.
De Kanadier hat spéider awer och ugedeit, dass säi Wiessel vun Adidas bei déi méi kleng Firma Diadora eppes domat kéint ze di gehat hunn. Athleten, déi bei där grousser Mark ënner Kontrakt stoungen, wiere besser protegéiert gewiescht viru positiven Tester. Zanter 1988 geeschteren déi wëllste Gerüchter duerch d'Welt.
De Carl Lewis zur legendärer Finall vun 1988:
De Ben Johnson no sengem Doppingskandal:
De Journalist Richard Moore huet spéider de Begrëff vun der "knaschtegster Course vun allen Zäite" gepräägt. An hien hat Recht domat. Bis op den Amerikaner Calvin Smith an de Brasilianer Robson da Silva goufen an de Joren duerno bei allen aneren 100-Meter-Finaliste vun 1988 positiv Doppingtester gemaach. Och de Carl Lewis war net "propper" gewiescht. Virun den nationale Championnater an den USA war hien 1988, no sengem neie Weltrekord vun 9,78 Sekonnen, positiv op dräi verbuede Substanze getest ginn. Hien hätt se aus Versi geholl, sou wéi zwee weider Teamkolleegen, bei deenen déi verbuede Substanzen och retracéiert konnte ginn. Dee Virfall war awer ënnert den Teppech gekiert ginn.