E Mëttwoch waren an der UEFA Europa League déi éischt Matcher vun der Ligaphas.

Hei huet sech ënner anerem den SC Freiburg aus der däitscher Bundesliga mat 2:1 doheem géint den FC Basel aus der Schwäiz duerchgesat. Den Osterhage hat an der 31. Minutt den 1:0 fir de Club aus dem Schwarzwald getraff an den Eggestein huet an der 57. op 2:0 erhéicht. De Cole hat d'Gäscht vu Basel an der 84. Minutt nach op 1:2 erubruecht, ma um Enn wënnt Freiburg de Match.

Och den FC Braga wënnt säin Optaktmatch doheem. Dat duerch e Gol vum Fran Navarro an der 79. Minutt. De Club aus Portugal hat Feyernoord Rotterdam op Besuch.

Eng Auswäertsvictoire kann dann d'AS Roma beim OGC Nice feieren. D'Gäscht wannen duerch Goler um N'Dicka an der 52. a vum Mancini an der 55. Minutt. D'Haushäre sinn duerch en Eelefmeter an der 77. Minutt nach op 1:2 erukomm.

Déi weider Resultater vum éischte Spilldag am Iwwerbléck: