Interessant Decouverte zu MamerDromedar-Skelett aus der Réimerzäit bei Ausgruewung entdeckt

Archeologen vum Centre national de recherche archéologique hu bei enger Ausgruewung quasi e komplette Dromedar-Skelett aus der Réimerzäit entdeckt.

© AFP Archivbild

Déi 173 Schanken vun am Ganzen bal 20 Kilo goufen an 12 Meter Déift an der ënneschter Schicht an engem Buer gebuergen. Et ass nawell aussergewéinlech, datt Dromedar-Schanken aus där Zäit fonnt ginn.

D'Schanke goufen vun enger däitscher Expertin vun Halle identifizéiert, déi erausfonnt huet, datt et sech beim Mamer Dromedar ëm eng robusten Hengscht vu 6,7 Joer gehandelt huet. D'Déier wier an Ägypten gebuer, dat konnt d'Wëssenschaftlerin vun der Uni Tübingen aus den Zänn liesen. Den Dromedar wier duerno wuel an der Mëtt vum drëtte Joerhonnert iwwer Ëmweeër an de Grand-Duché komm.

Wéi et vun de Wëssenschaftler heescht, wier den Dromedar wuel vu Commerçanten agesat ginn, fir Saachen ze transportéiert. Vläicht wier dat exotescht Déier awer och eng "lokal Attraktioun" am Réimer Vicus zu Mamer gewiescht.

D'Schanke goufen iwwregens schonn tëscht 2009 an 2011 zu Mamer ausgegruewen, wéi d'Archeologen do am Kader vun engem Bauprojet am Beräich vum réimesche Vicus am Asaz waren. Se waren awer an éischter Phas net als Dromedar-Schanken erkannt ginn. Datt d'Resultater elo eréischt bekannt ginn, läit dorunner, datt d'Resultater vun den Analysen réischt viru Kuerzem vun de Wëssenschaftler verëffentlecht gi sinn.

Am Buer goufen iwwregens Schanken vun am ganzen 259 Liewewiesen, dorënner och Hënn an enger Hiel fonnt. De Buer wier deemools wuel benotzt ginn, fir Déierekadaveren z'entsuergen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.