Zanter 30 Joer spillen déi dräi Kënschtler Spike, Stick a Sumo eng zentral Roll an der Graffiti-Zeen zu Lëtzebuerg. Eng Expo an e Buch kucken zréck op dräi Joerzéngte vu Graffiti, Urban Art a Frëndschaft.

D'Iddi, e Bléck zréck ze geheien op, wéi alles ugefaangen huet, op d'gemeinsam Erfarungen an awer och op d'Entwécklung vun hirer kënschtlerescher Aarbecht, ass eigentlech scho wärend Covid komm. Wéi d'Pandemie awer bis eriwwer war an déi dräi Kënschtler erëm all Hänn voll ze dinn hate mat anere Projeten, huet et schlussendlech méi laang gedauert, bis d'Iddi sech konkretiséiert huet.

"Dive back into history" 

30 Joer war awer dunn och am Fong déi perfekt Geleeënheet, fir zréck an d'Vergaangenheet ze kucken an nieft enger Expo och eppes ze schafen, wat méi laang bestoe bleift. D'Resultat ass dat éischt Buch, dat d'Lëtzebuerger Graffiti-Zeen iwwerhaapt thematiséiert. Et ass keen historescht Buch, mee erzielt villméi d'Gebuert vun der Zeen am Grand-Duché an d'Geschicht vun den dräi Artisten. Vum Ufank 1995, den éischten Aventurë vun hinnen am In- an Ausland, wéi se zesummen evoluéiert hunn an dono jidderee sech fonnt a weider entwéckelt huet.

Am Buch vun net manner wéi 544 Säite kritt een en detailléierten Abléck an den Univers vum Spike, Stick a Sumo mat net manner wéi 1.000 Fotoen a Biller. Fir ze wëssen, wéini iwwert wie riets geet, wie wat seet, hu se sech eng grafesch Iddi afale gelooss an dräi Faarwen ausgesicht, déi de jeeweilege Kënschtler "identifizéiert". D'Buch ass deemno net just a rout, blo oder gréngem Cover ze kréien, ma och am Buch selwer erkennt een duerch déi jeeweileg Faarf, ëm wien et grad geet. Nieft dem Buch ass dann awer och de ganzen November iwwer eng retrospektiv Expo am Schluechthaus zu Hollerech ze gesinn, wou ënnert anerem d'Ufanksaarbechten, éischt Produktiounen, Video-Projektiounen oder Skizze vum Sumo, Spike a Stick ausgestallt ginn.

De Vernissage ass Mëttwochs de 5. November zu Hollerech am Schluechthaus vu 17 bis 21 Auer.  
D'Expo ass dono bis Enn November ëmmer Weekends vun 14 bis 19 Auer op.
D'Buch kann een och online kafen.