An der Geschicht vum Atelier ass et déi éischte Kéier, dass ee Concert am Galaxie zu Amnéville organiséiert gëtt. An et däerf direkt ee groussen Numm sinn.

De leschten Optrëtt zu Lëtzebuerg hat Queen am Oktober 2008, deemools an der Minettsmetropole Esch. De Paul Rodgers war als Leadsänger mat dobäi, an eng ausverkafe Rockhal huet déi britesch Grupp gefeiert.

9 Joer méi spéit, den 12. November 2017, war dann erëm ee groussen Dag fir d'Fans aus der Groussregioun: D'Visite vu Queen, der Band, ugemierkt.

Gutt 2 Stonnen huet de Concert vun enger vun de weltwäit bekanntste Gruppe gedauert. Iwwer 8.000 Fans sollte musikalesch vum Feinste verwinnt ginn. Rock, Pop, Swing oder eppes vir d'Häerz. Queen hat alles dobäi.

RTL

© Steve Müller

Sécher kann ee soen, dass Queen haut net méi Queen vu fréier ass. De 24. November 1991 huet hir Geschicht geännert. Op dësem trauregen Dag an der Museksgeschicht hu missen déi deemoleg Membere vun der Band, Roger Taylor, Bryan May an John Deacon hirem Frënd a Sänger Freddie Mercury fir ëmmer Äddi soen. Awer sou wéi et den Titel vun engem Queen-Lidd scho verréit: "The Show must go on". Sou war et dann och sécher, dass Band, déi et zënter 1970 gëtt, selwer net dout war. Si hunn zur Freed vun hire Fans weidergemaach. Awer Queen ouni de Freddie Mercury? Soll dat goen?

RTL

© Steve Müller

Verschidden Experimenter mat diverse Sänger hu geklappt, oder anerer sinn och einfach an d’Box gaangen. Zanter 2012 ass elo den amerikanesche Sänger Adam Lambert mat derbäi. De Lambert huet am Joer 2009 an der 8. Staffel vum "American Idol" déi 2. Plaz gemaach. D'Fans mussen och hei erëm selwer beuerteelen, ob hinnen dës Mëschung gefält oder och net. Den Adam Lambert weess dat och, an och hie wëll a ka keng Kopie vu engem Freddie Mercury sinn.

Mat deem berühmte Klatsch-Rhythmus vum Klassiker "We will rock you" sollt et ugoen, oder méi einfach ausgedréckt: D'Stëmmung ass do schonn op engem richtegem Héichpunkt. An där Momenter sollen der am Laf vum Owend nach kommen, well de Bryan May, de Roger Taylor an den Adam Lambert sinn an Topform.

RTL

© Steve Müller

D’Show um Sonndegowend war spektakulär, a si ass wahrscheinlech déi bescht inzenéiert Bühneshow zënter Queen live ënnerwee ass. Dat net nëmme dank enger Mega Luuchte-Show, och déi modern Technik, déi et fréier bei de Concerte vun der Kultband natierlech net ginn ass, mécht aus dem eenzegen Concert a Frankräich ee Mega-Spektakel.

Een iwwerdimensionale Roboter, bekannt aus dem Queen-Cover vum 6. Album "News of the World", ass während der Show am Hannergrond dacks präsent a perfekt an déi verschidde Showelementer wei béi "Last Heaven" matagebonnen.  E grousse LED-Ecran mat vill Animatiounsvideoen däerf bei sou engem Evenement och net feelen.

Solooptrëtter, wéi vum Bryan May op senger Gittar, deen erëm eng Kéier bewisen huet, dass hien zu de Beschte gehéiert, oder den impressionnanten Drum Battle vum Roger Taylor sinn absolut Highlighte vum Queen-Concert.

RTL

Den Album "News of the World" mat "We Will Rock You" a "We Are the Champions" ass 1977 erauskomm. "

Ee besonnesche Feeling sollt bei „Love of my Life“ opkommen. De Bryan May, ganz eleng op engem Hocker, gëtt ënnerstëtzt vum Freddie Mercury himself. Déi modern Technik mécht dat méiglech. De Bryan May spillt mat senger Gittar. De Freddie séngt niewendrun. Sou wéi fréier. Flott! Et sollt awer net bei engem Optrëtt vum fréiere Sänger bleiwen. Och bei "Bohemian Rhapsdody" sinn duerch den Optrëtt op der grousser Leinwand vum vill ze fréi verstuerwene Sänger vill Tréine bei deem engen oder aneren am Galaxie gelaf.

RTL

De 5. September 2017 wär de Freddy Mercury 71 Joer al ginn.

All déi bescht bekannte Lidder aus der Geschicht vun iwwer 40 Joer Queen hunn um Sonndegowend net däerfe feelen: „Under Pressure“ gesonge vum Taylor, „Radio GA GA“ mam Original Video, oder de „Somebody To Love“ , nëmme fir der puer ze nennen. Alles war dobäi. Den Adam Lambert däerf säi perséinlechen Hit "Whataya Want from Me" interpretéieren.

Zum kréinenden a perfekten Ofschloss vun der royaler Visite gouf et ee Ree vu faarwege Konfetti a „We are the Champions". Roger Taylor, Bryan May an Adam Lambert soe Good-Bye.

A wéi all Queen-Concert-Visteur et gewinnt ass, däerf natierlech déi englesch Nationalhymn net feelen: God save the Queen.
Den Adam Lambert huet seng Saach super gutt gemaach. De Freddie wier houfreg!

Songslist vum Owend:

1. We Will Rock You
2. Hammer to Fall
3. Stone Cold Crazy
4. Another One Bites the Dust
5. Tie Your Mother
6. Fat Bottomed Girls
7. Killer Queen
8. Don't Stop Me Now
9. Bicycle Race
10. I'm in Love With My Car
11. Get Down, Make Love
12. I Want It All

13. Love of My Life
14. Somebody to love
15. Crazy Little Thing Called Love
16. Drum Battle
17. Under Pressure
18. I Want to Break Free
19. Whataya Want From Me
20. You Take My Breath Away
21. Who Wants to Live For
22. Last Horizon
23. Guitar Solo
24. Radio Ga Ga
25. Bohemian Rhapsody
26. Day-Oh
27. We Will Rock You
28. We Are the Champions

RTL