D'Expo "Belval en métamorphose" vum Marcel Bouschet
De Centre national de la culture industrielle (CNCI) um Belval weist den Ament eng Ausstellung vum Marcel Bouschet mat Fotografien iwwer d'Industriegebaier vun der ARBED.
Dee mëttlerweil verstuerwene Fotograf Marcel Bouschet huet selwer laang Zäit bei der ARBED geschafft an huet d’Evolutioun vun den Héichiewen iwwer 4 Joerzéngte mat senger Kamera festgehalen. D’Expo "Belval en métamorphose" an der aler Mëllerei huet seng Wierker elo zréck op hir Entstéiungsplaz bruecht.
Ronn 50 analog Fotoe kritt een an der Expo gewisen. Déi meescht si schwaarz-wäiss gehalen, et kritt een awer och e puer faarweger gewisen. Als liewenslaangen Aarbechter bei der ARBED a passionéierten Hobbyfotograf huet d’Motiv fir dem Marcel Bouschet seng Fotoen net laang misse gesicht ginn. Wéi et fir vill Leit deemools de Fall war, huet d’Stolindustrie e wichtegen Deel am Marcel Bouschet sengem Alldag gespillt. An der Ausstellung kritt een d’Evolutioun vun deene verschiddenen ARBED-Sitten uechter d’Land gewisen. Ee But dovunner wier et, de Lëtzebuerger Patrimoine net ze vergiessen an och bei deene kommende Generatiounen am Gediechtnes ze halen, esou dem Marcel Bouschet säi Jong Romain Bouschte, deen dës Expo zesumme mam CNCI an d’Liewe geruff huet.
Zu Liefzäiten huet de Marcel Bouschet ni weider als Kënschtler ausgestallt, ma dat sollt sech elo awer änneren. Säi Jong Romain beschäftegt sech zanter sengem Doud vill mat den Aarbechte vu sengem Papp an déi sollen an Zukunft och an d’Escher Archiv kommen, fir als Recherche-Material ze déngen.
"Belval en Metamorphose" ass an 3 Etappen agedeelt. An der éischter um Rez-de-Chaussée kritt ee Fotoen aus de 60er Jore gewisen. An der zweeter Etapp gesäit ee Fotoen aus den 80er an 90er Joren. Dës Fotoe sinn all schwaarz-wäiss. Da gëtt et awer och nach eng Serie faarweg Fotoen, déi de Mënsch am Mëttelpunkt vun der Stolindustrie weisen.
D’Expo vum Marcel Bouschet ass nach bis den 1. Dezember an der Mëllerei um Belval ze entdecken.