Oscar-Gewënnerin Diane Keaton gestuerwen

© ANGELA WEISS / AFP (Archiv)
D'Keaton huet iwwer Joerzéngten zu de markantsten a charismateschste Schauspillerinne vun Hollywood gezielt.
Den Hollywood-Star Diane Keaton ass am Alter vun 79 Joer gestuerwen. Dat mellen d'US-Zeitung People an d'Noriichtenagence AFP. "People" berifft sech op e Spriecher vun der Famill. Weider Detailer iwwer d'Ëmstänn vum Doud vun der Schauspillerin goufe keng genannt. D'Privatsphär vun der Famill soll respektéiert ginn.
D'Diane Keaton war 1977 mam Oscar als bescht Schauspillerin fir hir Roll am Film vum Woody Allen "Annie Hall" ausgezeechent ginn. Berüümt gouf si och duerch Rollen an "Der Pate I - III" an "The First Wives Club".
Am Verlaf vun hirer Karriär huet si a ville weidere Filmer matgespillt an huet méi wéi ee Präis fir hir Schauspillleeschtunge gewonnen. Si huet och als Regisseurin geschafft.

© TRISTAR PICTURES / JACK ROLLINS / COLLECTION CHRISTOPHEL VIA AFP