D'Stater Muséeën zielen iwwer 25.000 Visiteuren
Iwwer 25.000 Leit waren e Freidegowend op der Nuit des Musées.
Dat mellen d'Stater Muséeën an engem Communiqué. An de siwen Haiser, déi matgemaach hunn, goufen am Ganze 25.397 Visitte gezielt.
Iwwert d’Joren huet sech dësen Evenement ëmmer méi als traditionelle Rendez-vous an der Stad etabléiert. Dat mierkt ee virun allem, wann een d’Mass u Leit kuck, déi e Samschdegowend an der Stad ënnerwee waren. Déi eng kommen ëmmer erëm heihin, ma et waren dëst Joer awer och nees eng Rei Leit dobäi, déi fir d’éischt eng Nuecht am Musée verbruecht hunn.
Ganzer siwe Muséeë maache bei der Muséesnuecht mat. Och dëst Joer hate sech dës nees e gemeinsaamt Thema iwwerluecht, erzielt den Direkter vum Luxembourg City Museum an der Villa Vauban, de Guy Thewes: "Mir probéieren all Joer u sech en Thema awer ze fannen an dëst Joer hate mer geduecht Stand-up Comedy, well dat momentan immens populär ass. Et ginn och vill där Comediens an och hei zu Lëtzebuerg. Esou wuel am Franséischen, Engleschsproochegen an och am Lëtzebuergeschen an dunn hu mer geduecht dat kéint elo de coup de coeur sinn."
E besonneschen Owend freet natierlech och no engem besonnesche Programm. Esou gi vill Leit an d’Muséeë gelackelt, déi sos am Joer villäicht net esou oft vun der kultureller Offer an der Stad profitéieren. D'Laura Zaccharia erkläert: "Mir hu Concerte, mir hunn DJ‘en, mir hu ganz speziell Visitt Guidéeën, mir hunn Atelieren. Et ass esou vill lass."
An esou gutt, wéi den Owend ugefaangen huet, huet en och opgehalen. Am ganzen hate gëschter Owend 25.397 Leit de Wee an d’Muséeë fonnt.
D'nächst Joer ass et da schonn déi 25. Editioun vun der Nuit des Musées. Déi soll den 10. Oktober 2026 sinn.