De Lëtzebuerger, deen zanter Joerzéngten zu München lieft, ass vun eiser Dynastie iwwerzeegt. Mir hu mat him op den Trounwiessel gekuckt.

"Eemol Lëtzebuerger, ëmmer Lëtzebuerger", seet de Jean Louis Schlim am Video-Interview a laacht. Dat wier iergendwéi sou säi Motto bliwwen, dofir hätt en och säi "Lëtzebuerger Slang" behalen, betount deen, deen 1952 an der Stad gebuer gouf an dee München zanter 1977 seng nei Heemecht nennt a sech do och zanter Joer an Dag am Veräin vun de Lëtzebuerger zu München engagéiert.

"Neuschwanstein Nord"

Zu der Léift zu Land a Leit vu Lëtzebuerg gehéiert awer nach eng weider Konstant am Liewe vum Jean Louis Schlim: d'Léift zum Lëtzebuerger Herrscherhaus am Speziellen an den Interessi un europäeschen Herrscherhaiser am Allgemengen. Ganz besonnesch huet et him hei de "Kini", de bayeresche Märchekinnek Ludwig II., ugedoen. A bliedert een am Jean Louis Schlim senger privater Fotosammlung, dann erkennt een op där enger oder anerer Foto e Glach, deen net just zoufälleg ass.

D'Passioun fir de Ludwig II. a fir aner adeleg Figuren hat och hiren Néierschlag an der Ariichtung vun der Wunneng vum Jean Louis Schlim fonnt. Frënn a Bekannter, déi scho mol am Appartement um 4. Stack an der Sendlinger Strooss matten a München waren, hätten – natierlech mat engem Clin d'oeil – vun "Neuschwanstein Nord" geschwat, erzielt et de Jean Louis Schlim an der gemeinsamer Visio, déi awer an engem zimmlech plakegen Dekor geschitt, well e grad um Plënneren ass: Et geet e bësse raus aus dem Trawolt vum Zentrum an e Gebai mat Park a manner Trapen.

"Selbstverständlech" hätt hien den Trounwiessel suivéiert, erzielt de Jean Louis Schlim houfreg, an et wier interessant gewiescht ze gesinn, wéi vill Leit, wéi vill jonk Leit derbäi waren: "Dat ass e gutt Zeeche fir d'Zukunft vun eiser Dynastie."

Gefillsméisseg hätt en den Trounwiessel nawell als "Aschnëtt" erlieft: "Ech hunn de Wiessel vun der Grand-Duchesse Charlotte op de Grand-Duc Jean scho materlieft, da vum Grand-Duc Jean op de Grand-Duc Henri. Elo vum Grand-Duc Henri op de Grand-Duc Guillaume." Doduerch géif engem bewosst ginn, datt een al gi wier: "Mir sinn elo praktesch a Rent gaangen, alleguerten, och d'Dynastie. An et fänkt elo eng nei Zäit u fir Lëtzebuerg, fir mech am Fong och." Dobäi spillt en natierlech op seng net esou ganz fräiwëlleg Plënneraktioun un, hëlt et awer positiv: "Also d'Welt changéiert komplett an do hunn ech fonnt, datt esou e Wiessel vläicht och un der Spëtzt vum Land net schlecht ass."

"An den eegene Knéi schéissen"

Trotz sengem Bléck vu bausse wonnert et de Jean Louis Schlim net, datt am Kontext Trounwiessel och de Finanzement thematiséiert gouf: Och a Bayern géif an engem Stéck iwwer d'Sue geschwat ginn, vun dohier wier et "absolut normal a logesch", datt dat en Theema wier. Den Exil-Lëtzebuerger hänkt awer direkt drun: "Anersäits géif ech soen, léif Lëtzebuerger, wat kascht Iech dann ee President, deen all véier Joer wiesselt an deem seng Famill och nom Wiessel nach muss erhale ginn? Also et gëtt Enquêten, déi gemaach gi sinn, datt eng Monarchie schlussendlech ëmmer nach méi bëlleg ass wéi e stännege Presidentewiessel." E kloert Bekenntnis.

RTL

Bicher iwwer de Ludwig II.: E puer vum Jean Louis Schlim senge Publikatiounen iwwer de bayeresche Märchekinnek.

Och d'Fro vun der Legitimitéit vun enger Monarchie am 21. Joerhonnert mécht dem Auteur vun e sëllege Bicher iwwert ënnert anerem de Ludwig II. net wierklech Kappzerbrieches: "Ech fannen et gutt, wann eng Monarchie un der Spëtzt vun engem Land ass. [...] Do ass ëmmer eppes do, egal wat passéiert, et ass eppes do, wou ee kann drop kucken, wou ee sech kann drun unhalen." Dat géif dem Wiese vum Mënsch entspriechen.

Dem Jean Louis Schlim seng Conclusioun ass dann och eendeiteg: "Ech fannen et fir Lëtzebuerg am Fong eng ganz gutt Saach, datt mer d'Monarchie hunn. Ech géif se och ënner kengen Ëmstänn ofschafen, well ech mengen, Lëtzebuerg géif sech an den eegene Knéi schéissen dobäi. Mir wësse jo, wéi oft schonn d'Belsch a Frankräich eriwwer gekuckt hunn, ob ee sech net kann dat räicht Ländchen do einverleiben. Awer ech mengen, soulaang d'Monarchie do ass, hu mer d'Garantie, datt Lëtzebuerg dat bleift, wat et ass, sou wéi Monaco och."

Bei der Luxair am Salon ...

Seng Passioun oder seng Faszinatioun fir Dynastien, déi lëtzebuergesch grad ewéi déi bayresch, erkläert de Jean Louis Schlim am Sonndesinterview och mat senger Mamm, déi aus der Géigend vu Colmer-Bierg war. Esou wier hie praktesch mam Schlass opgewuess: "Et war natierlech ëmmer eppes ganz Geheimnisvolles."

Ma a sengem éischten Job, bei der Luxair, do hätt hien am VIP-Salon geschafft, "do hunn e puer vun den Herrschafte kenne geléiert an hu fonnt, datt dat am Fong net esou erausgehuewen Halbgëtter sinn, wann ee sou wëll, mee ganz normal Leit. An ech hu se immens sympathesch fonnt, besonnesch d'Grande-Duchesse Charlotte." Spéider huet de Jean Louis Schlim am Archiv vum TÜV Süd geschafft, gläichzäiteg eege Kollektiounen opgebaut, Virträg gehalen, Ausstellunge konzipéiert, Ausflich organiséiert. Bal alles hat mat Geschicht an Adel ze dinn.

E bësselche Lëtzebuerg a Bayern

De Grand-Duc Jean huet de Lëtzebuerger Münchener ëfters a Bayern getraff, d'Liene vum Grand-Duché zum Freistaat gehéieren nämlech zu de léifsten Theeme vum Jean Louis Schlim: ob d'Schloss Hohenburg bei Lenggries, dat der Herrscherfamill fréier gehéiert huet, oder de Gasthof Post an der Vorderriß, dee bis haut an hirem Besëtz ass. Natierlech kéint do jiddereen higoen, betount de Jean Louis Schlim am Interview a liwwert direkt och eng Rëtsch Argumenter, bei enger nächster Visitt am Süde vu Bayern en Ëmwee duer anzeplangen.

Vu München hannescht op Lëtzebuerg: De Jean Louis Schlim ass iwwerzeegt, datt d'Famill Lëtzebuerg-Nassau dem Land vill bréngt, dofir gesäit en och kee Problem, datt se weider un der Spëtzt vum Land steet. Dem neie Grand-Duc Guillaume wënscht e vill Kraaft an och de Courage, Neies ze woen a gläichzäiteg d'Réckgrat vu sengem Papp ze hunn, och wann dat deelweis net gutt ukomm wier zu Lëtzebuerg: "Alles Guddes an eng gutt Regierungszäit an eng gutt Gesondheet virun allem him a senger Fra an och senge Kanner."

RTL

E schéine Bonjour vum Lëtzebuerger Stammdësch an de Grand-Duché. De leschte Stammdësch war e Mëttwoch, den 8. Oktober am Ratskeller. / © Luxemburger Verein München e.V.

Dëse Wënsch géif sech iwwregens de ganze Lëtzebuerger Veräin vu München uschléissen. Nach de leschte Mëttwoch ass ee beieneekomm, fir zesummen ze prosten. Oder an de Wierder vum Monarchist Jean Louis Schlim: "Eemol Lëtzebuerger, ëmmer Lëtzebuerger."

RTL

D'Lëtzebuerger zu München hu viru laanger Zäit e klenge Veräin gegrënnt an treffe sech nach reegelméisseg. Heiansdo kréie se och Besuch vun e puer Vertrieder vun de Lëtzebuerger Studenten zu München. / © Luxemburger Verein München e.V.