"Ex(s)ilium or down the rabbit hole" heescht déi aktuell Produktioun an dréint ronderëm politesch Figuren.

D'Dänzerin befaasst sech mat engem kriddelegen Thema a setzt sech mat Diktatoren a Politiker ausernaner. Si geet an hirem Danz vrun allem op d'Kierpersprooch an d'Posen an mat deenen se sech an Zeen setzen an zum Deel hiert Vollek bewege wëllen. Dat geet vun historesche Personnagen bis bei aktuell Politiker, déi den Ament hir Kräfte géintenee moossen.

D'Kostümer huet den Designer Ezri Kahn fir d'Sylvia Camarda entworf.

De Spektakel "Ex(s)ilium or down the rabbit hole"  ass den 12. an 13. Januar 2018 am Escher Theater programméiert.