An eiser Lecture vun heiheem verschléit et eis haut an e klengt europäescht Land, dat op d'mannst vun der Awunnerzuel hier, mat Lëtzebuerg ze vergläichen ass. "Der letzte Fischer von Hafnir" ass dee fënnefte Roman vum Lëtzebuerger Auteur Marc Graas. D' Bea Kneip huet sech mat him ënnerhalen.

Der letzte Fischer von Hafnir

Haaptfigur vum Marc Graas sengem neitste Roman ass den Hafthor, e gebiertegen Islänner, den zu Lëtzebuerger als Journalist bei enger Dageszeitung schafft. Wéi e vu sengem Chef opgedroe kritt, e Reportage iwwer eng präisgekréinte Keramikkënschtlerin ze schreiwen, huet e keng Anung, dass e sech Hals iwwer Kapp a si verléiwe wäert, an nach manner, dass si kuerz drop verschwanne wäert. D'Sich no der jonker Fra féiert e bei eng sektenähnlech Communautéit déi sech op engem Bauerenhaff am Eisléck néiergelooss huet. D'Kybele (den Numm kënnt iwwregens aus der griechescher Mythologie) steet ënner Mordverdacht a gëtt vun der Police gesicht. Den Hafthor hëlleft him fir op Ëmweeër an Island ze flüchten, wou déi jonk Koppel op Kalmanstjörn en Doheem fënnt, der Plaz wou fréier dem Hafthor säin Elterenhaus stoung. No der éischter Euphorie gëtt d'Liewe matzen an der Natur awer fir d'Kybele awer no an no ëmmer méi schwéier z'erdroen.
D'Literatur ass den Islänner wichteg. Mam Halldor Laxness den am Roman och ernimmt gëtt, hu si souguer en Nobelpräislaureat opweises.
De Marc Graas, dee vu Beruff eigentlech Psychiater ass, huet sech scho fréi mat Literatur beschäftegt.Seng éischt Romaner hu meeschtens op fiktive Plaze gespillt. D'Dierfchen Hafnir an och Kalmanstjörn gëtt et awer tatsächlech. An Island kennt de Marc Graas sech gutt aus, seng Fra ass Islännerin a hie war schonn dacks do.E groussen Deel vum Roman spillt dann och op der Vulkaninsel am Nordatlantik. Eng Insel déi fir déi zwee Haaptprotagonisten eng ganz geigesätzlech Bedeitung unhëlt. An esou mussen se dann agesinn, dass se zwar allebéid kënne glécklech ginn; just net op déiselwecht Manéier.

"Der letzte Fischer von Hafnir" vum Marc Graas ass bei den Editions Saint Paul erauskomm.

RTL

© RTL/Bea Kneip