All Joer organiséiert de Cercle artistique du Luxembourg, kuerz CAL, säin traditionelle Konschtsalon am Tramsschapp. Dëst Joer sinn de "Prix Révélation" an de "Prix Grand-Duc Adolphe" verdeelt ginn.

Béid Präisser si mat enger Zomm vu 5.000 Euro dotéiert. De "Prix Grand-Duc Adolphe" gouf e Mëttwoch de 5. November um Salon decidéiert a geet un d'Chantal Maquet fir hiert Wierk "just listen". De "Prix Révélation" gouf schonn am Oktober um Vernissage vum Salon iwwerreecht an dat un den Thierry Hahn.

De Salon vum CAL ass eng zäitgenëssesch Konschtausstellung, déi als Zil huet, dat kënschtlerescht Schafen zu Lëtzebuerg ze promouvéieren. Et sinn all Konschtaarten erlaabt, d’Wierker mussen allerdéngs innovativ an originell sinn. En externe Jury, bestoend aus nationalen an internationale Konschtexperten, bestëmmt, wéi eng Kënschtler beim Salon dierfen ausstellen. All Kënschtler, deen an Zäit vu 7 Joer 3 Mol d’Méiglechkeet hat beim Salon auszestellen, kann eng Demande eraschécke, fir Member beim CAL ze ginn.

D’Wierker vun de Memberen an anere Kënschtler, déi dëst Joer d‘Chance hate beim Salon vum CAL matzemaachen, ginn nach bis de 16. November am Tramsschapp gewisen.