Zu Köln grouss ginn, du Medezin studéiert, bei der Spezialisatioun dunn e Wandel, den Heinz wëll op der Bühn stoen.

A mat senger poetescher, literarescher selwer geschriwwener Komedie begeeschteren an dat mécht en och. Lo koum nach e Konzept dobäi, wat et virdrun nach net ginn ass, deene Jonken nees Freed un der Literatur maachen.

Mir sinn am Lycée des Garcons zu Esch Uelzecht, méi genee am Festsall. Den Heinz Gröning ass hei op Besuch, fir am Lycée e Comic-Cours ze ginn. Besser ze verstoen, wann ee weess, dass den Heinz vu Schiller a Goethe inspiréiert ass. En neit Konzept an de Schoulen, wat hien als Comedian sengem Public esou erkläert.

Poesie a Gedicht verpaakt mat engem Witz a villen Reime charakteriséiert säi Style, säi Wonsch, dass d’Literatur an d’Poesie nees Interessi bei deene Jonken erwächt.

No all Akt konnten d’Schüler Froe stellen zum Thema, eng aussergewéinlech Erfarung fir den Heinz an e flotten Projet fir d’Schüler.

Domadder war dem Heinz Gröning säin Openthalt zu Lëtzebuerg nach net gedoen, 2 Owender konnt een hie live zu Esch um Belval erliewen, fir onsereen als Lëtzebuerger en ongewinnte Komedie-Owend.