D’Maîtrise Sainte-Cécile vun der Kathedral hat de musikalesche Programm vum Te Deum gestalt, dat an Zesummenaarbecht mat e puer Militärmuseker.

Mat ronn 50 Memberen hat d’Chorale um Mëttwochowend hir lescht Prouf ier et an d’Generalprouf op den Duxall goung. Dobäi waren e puer Blechbléiser an ee Perkussionist vun der Militärmusek, a wéi gewinnt och de Paul Breisch op der Uergel.

Um Programm stinn eng Rei Stécker: vun nationale Wierker ewéi dem Wilhelmus, klassesche Wierker ewéi vum Mozart, bis méi neie musikalesche Kompositiounen. Dorënner och den neien “Domine Salvum Fac” vum Roland Wiltgen, dee mat sengem musikalesche Wierk de Concours vun der Maîtrise gewonnen huet, an dat wärend dem Te Deum uropgefouert gëtt.

Zwar si si gréisser Evenementer gewinnt, wéi d’Poopst-Visitt zejoert oder och den traditionellen TeDeum fir Nationalfeierdag, an awer ass dëst fir muncheree vun der Maîtrise e bësse méi speziell. Esou ass et och de Fall beim Marc Dostert, Dirigent vun der Maîtrise: "Dat hei ass nach e bësse méi opreegend, well et nach méi eng international Envergure huet, a well et ëm eise Staatschef geet."

RTL