Et ass just den éischte Schratt vun engem reegelrechten Transformatiounsprozess. 

Am Nationalmusée um Fëschmaart sinn no zwee Joer deen neien Entréesberäich an och déi nei Vestiaire fäerdeg a goufen elo offiziell ageweit.

Nei, funktionell, méi accessibel an ästhetesch ass d'Resultat ginn, freet sech d'Directrice vum Nationalmusée d'Tania Brugnoni.

"Dëse Raum architektonesch, harmonesch ugeschloss un deen Ëm- an Ubau vum Christian Bauer aus dem Joer 2002, erméiglecht den optimale Flux vun eise Visiteuren an eng verbessert Iwwersiicht fir eis Mataarbechter. Mir begréissen de Public elo an engem hellen, oppene Raum, deen als Vitrinn vum Nationalmusée no baussen déngt a gläichzäiteg als Startpunkt fir d'Entdeckung vu gutt 7000 Metercarré Ausstellungsfläch, déi mir ze bidden hunn, funktionéiert."

Donieft gouf d'Zon vum Vestiaire vergréissert, fir, datt all d'Visiteure gutt Plaz fir d'Jackett oder de Mantel hunn an et koumen och nach modern Casë bäi, an deenen een d'Posch oder d'Akeef kann aspäre bis ee säin Tuer duerch de Musée gemaach huet.