Eigentlech sollt déi däitsch Band e Sonndeg e Concert virun ausverkaaftem Haus am Atelier spillen.

Dësen huet awer am leschte Moment missen ofgesot ginn. Wéi d'Museker e Freideg op de soziale Medie matdeelen, hätte sech direkt e puer vun hinnen erkaalt. Et wier awer schonn en neien Datum fir de Concert fonnt ginn. Amplaz vun e Sonndeg, soll de Concert elo den 13. August 2026 sinn.