Eng BD iwwer d'Geschicht vu Lëtzebuerg, vun 963 bis 2025

© 360crossmedia Editions
Fir de Weekend vum Trounwiessel ass den 1. Oktober eng nei Bande Dessinée eraus komm, déi sech mat der Geschicht vu Lëtzebuerg, vun 963 bis 2025, beschäftegt. Eng Mammutaufgab, an där de Groussherzoglechen Haff natierlech och eng Plaz huet.
Déi Bande Dessinée erzielt op gutt 40 Säiten d'Geschicht vum Land a fänkt esouguer virun 963 un. Donieft ginn et och nach d'Quellen an e puer Säite mat engem grousse Bild vun historesche Figuren aus der Lëtzebuerger Geschicht, esou datt d'Buch um Enn 66 Säiten huet.
D'Iddi fir dëst Buch erauszebréngen hat de Jérôme Bloch vun 360crossmedia wéi et drëm gaangen ass, eng Iddi fir d'25 Joer vu senger Firma ze fannen. Et sollt ee Gimmick sinn, 30 Säiten, 300 Exemplairen, déi da Chrëschtdag ënnert Frënn a Kolleege géife verdeelt ginn. Wéi ee Libraire dee Projet gesinn huet, huet hie gesot, datt do vill méi Potential géif dra stiechen, mä 30 Säite géifen net duergoen.
Dofir ass sech dunn am Abrëll dohi gesat ginn, fir nach méi Säiten zeechnen ze loossen, an esou op een normaalt BD Format ze kommen. All Säit ass ee Kapitel aus der Geschicht vum Land, all Kapitel ass a sech ofgeschloss. Anescht ewéi bei méi typesche Bande Dessinéeën geet d'Geschicht hei net vun enger Säit op déi aner weider, et ginn och keng Dialogen, mä dofir kann een d'Buch liese wéi ee wëll.
Kann e wichteg Kapitelen aus der Geschicht wierklech op nëmmen enger Säit, mat 7 Biller, resuméieren? Dobäi geet et net nëmmen ëm d'Biographië vun de Lëtzebuerger Ducen, Grand-Ducen a Grande-Duchessen, mä och ëm déi zwee Weltkricher. Woubäi: Deen Zweete Weltkrich krut zwou Säiten. Dat hat ënnert anerem och budgetär Grënn, an deemno war et eng Erausfuerderung fir all Kapitel op ee Minimum ze reduzéieren.
Net alles ass perfekt an dëser BD. Dat gëtt de Jérôme Bloch och selwer zou. A wëll sech verbesseren. Well mat dësem éischte Worf soll et net eriwwer sinn. Him schwieft fir, datt et reegelméisseg nei Editioune solle ginn, déi dann och nei Säite kréien. Doduerch soll d'Buch och ëmmer aktuell bleiwen, op Evenementer agoen, déi nach an der Zukunft leien, respektiv Kapitel opgräifen déi nach feelen.
Et gëtt jo schonn eng Partie Bande Dessinéeën, déi sech mat der Lëtzebuerger Geschicht oder Aspekter doraus beschäftegen. Dat hei ass déi éischt, déi awer konsequent vun 963 bis haut een Iwwerbléck iwwert déi ganz Geschicht probéiert ze ginn.
D'Bande Dessinée "Geschicht vu Lëtzebuerg" ass bei 360Crossmedia Editions erauskomm. Se gëtt an 3 Sproochen, Franséisch, Englesch a Lëtzebuergesch, fir 19,50 Euro an de Librairies Ernster verkaaft.