Graf vum Amenhotep III. an Ägypten no Restauratioun nees op

© AFP Symbolbild
An Ägypten ass no méi wéi zwee Joerzéngte Restauratioun d'Graf vum Pharao Amenhotep III. offiziell nees fir d'Ëffentlechkeet op.
Den zoustännege Minister fir Tourismus an Altertemer, de Sherif Fathy, huet e Samschdeg déi méi wéi 3.000 Joer al Griewer mat beandrockende Fresken devoiléiert. Et handelt sech ëm déi gréisste Griewer am Dall vun e Kinneken an der Géigend vun der ägyptescher Stad Luxor.
D'Graf war eng éischte Kéier 1799 wärend der kuerzzäiteger Eruewerung vun Ägypten duerch den Napoleon dokumentéiert ginn. Am Laf vun de Joren dono koum et zu weideren Ausgruewungen, ma d'Graf gouf och ausgeraibert a schwéier beschiedegt. Mat der Ënnerstëtzung vu Japan an der Unesco gouf d'Graf um Enn restauréiert. Dofir ware wärend 20 Joer gutt 260 Spezialisten, Restaurateuren, Fuerscher an héich qualifizéiert Techniker um Wierk.
Den Amenhotep III., deen och als Amenophis III. bekannt ass, huet Ägypten viru ronn 3.400 Joer regéiert. Hie gëllt als de Grousspapp vum Tutanchamun, deem seng gëllen Doudemask jo weltberüümt ass. Seng Herrschaft huet der Opfaassung vu villen Experten no de politeschen a kulturellen Héichpunkt vun der ägyptescher Zivilisatioun markéiert.
Den Amenhotep III. koum schonn als Jugendlechen op den Troun an huet véier Joerzéngte laang regéiert. Hien ass 1349 viru Christus am Alter vu 50 Joer gestuerwen.