Am Kader vun der Weltausstellung 2025 reest dann och den Ausseminister Xavier Bettel en Dënschdeg op Osaka.

De Vizepremierminister, Ausseminister a Minister fir Aussenhandel, de Xavier Bettel, wäert vum 7. bis den 10. Oktober 2025 op offizieller Visitt zu Osaka sinn.

Am Kader vun dëser Visitt gëtt eng Ofschlosszeremonie organiséiert, bei där d’Ekipp vum lëtzebuergesche Pavillon zesumme mat internationale Gäscht, dorënner den Generalkommissär vun der Weltausstellung, de Koji Haneda, zesummekënnt. D’Zeremonie gëtt kulinaresch vum Michelin-Chef Louis Linster, dee mat zwee Stären ausgezeechent ass, encadréiert.

Bei dëser Geleeënheet wäert de Minister Bettel och de Präis fir dat bescht Dessert vum lëtzebuergesche Pavillon iwwerreechen. Dëse Präis gëtt op Basis vun engem Vott vun de Visiteuren verginn, zum Choix stounge sechs proposéierten Desserten.

RTL

Virun der offizieller Ofschlosszeremonie vun der Weltausstellung Expo 2025 zu Osaka wäert d’Ekipp vum lëtzebuergesche Pavillon dem Vizepremierminister e virleefege Bilan presentéieren. Aktuell Schätzunge schwätzen vun ongeféier 380.000 Visiteuren, déi zënter der Ouverture vun der Expo am Abrëll 2025 de Pavillon besicht hunn. Domat huet de Pavillon déi maximal Zuel un Zuschauer erreecht, seng maximal Kapazitéit läit bei 2.250 Visiteuren den Dag.

Wat d’Zefriddenheet vun de Visiteuren an och déi medial Resonanz ugeet, huet de "Nikkei Marketing Journal" de lëtzebuergesche Pavillon op déi drëtt Plaz an engem Ranking vun de beschte Pavillonen op der Expo 2025 gesat.